Anne Holtz
Ausgesinn
| Anne Holtz | |
|---|---|
D'Anne ("Anni") Holtz, gebuer den 19. November 1923 zu Diddeleng, an de 17. Juni 1994 zu Lëtzebuerg gestuerwen[1], war eng lëtzebuergesch Gymnastikléierin.[2]
Si war Monitrice-directrice am Diddelenger Turnveräin an huet jorelaang an de Grondschoulen Turnunterrecht ginn.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Beim Nationalfeierdag 1973 krut si d'Médaille en vermeil vum Ordre de la couronne de chêne iwwerreecht[3].
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir u si z'erënneren, gouf am Diddelenger Quartier Biereng eng Strooss no hir genannt[4]. D'Rue Anne-Holtz huet hiren Ufank op der Rue Triny-Bourkel a féiert am rechte Wénkel ëm e Block Haiser fir dann nees op d'Rue Triny Bourkel ze stoussen[5].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsannonce Nr. 227 vum 19. November 1923 vun der Gemeng Diddeleng mat Info zum Doud
- ↑ Georges Klepper: Spuren des Sports in Luxemburg - Traces du sport au Luxembourg, S.271.
- ↑ Düdelingen - Verleihung von Auszeichnungen am Luxemburger Wort vum 26. Juni 1973
- ↑ Post vun der Stad Diddeleng op facebook.com, 25.01.2024.
- ↑ Lokalisatioun op der Landkaart