Anne Peter Schilperoort

Vu Wikipedia
Anne Peter Schilperoort
Gebuer 4. November 1919
Den Haag
Gestuerwen 17. November 1990
Leiderdorp
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Klarinettist, Saxophonist, Jazzmuseker, Jazzgittarist

Den Anne Peter Schilperoort, gebuer de 4. November 1919 zu 's-Gravenhage an Holland a gestuerwen de 17. November 1990 zu Leiderdorp, war en hollännneschen Jazzmuseker an Orchesterchef.

Als Kand kritt hie Pianosstonnen, duerno bréngt hie sech d'Mondharmonika an d'Blockflütt selwer bäi. Mat 16 Joer spillt e Gittar an engem Orchester, wou de Klarinettist him eng Occasiounsklarinett verschaaft.

1938 kënnt de jonke Schilperoort a Kontakt mat engem Ensembel vun Den Haag, de Bouncers. Mat deene geet en op regional Tournéeën. Ee Joer drop ass e Member vun enger semiprofessioneller Grupp, de Swing Papa's, déi sech op d'Musek vum Duke Ellington spezialiséiert hunn. Dem Schiperoort säi musikaleschen Interessi läit bei der sougenannter Chicago School an dem fréi verstuerwene Barney Bigard, dem Benny Goodman an dem Buddy DeFranco.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung mécht de Schilperoort 1941 mat de Swing Papa's seng éischt Plack als Gittarist a Klarinettist. Well Negermusek zu där Zäit net erlaabt war, gouf den Orchester 1943 opgeléist an de Schilperoort spillt an Orchestere déi hawaiianesch a spuenesch Danzmusek spillen.