António Costa

Vu Wikipedia
António Costa
Gebuertsnumm António Luís Santos da Costa
Gebuer 17. Juli 1961
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Educatioun Universitéit vu Lissabon
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Papp Orlando da Costa
Mamm Maria Antónia Palla
Geschwëster Ricardo Costa

Den António Luís Santos da Costa, gebuer de 17. Juli 1961 zu Lissabon, ass e portugisesche Politiker an de Generalsekretär vun der Sozialistescher Partei vu Portugal. Hien war vum 26. November 2015 bis 7. November 2023 Premierminister vu sengem Land.

Den António Costa ass studéierte Jurist a war um Ufank vu senger Karriär Affekot. Zënter 1995 war hie Minister a verschiddene Regierungen, fir d'lescht an där vum José Sócrates. Scho vun 1991 u war hie, wann en net Regierungsmember war, Deputéierten am nationale Parlament oder am Europaparlament. 1998 war hien den Haaptresponsabele fir d'Expo 98. Vun 2007 bis 2015 war hie Buergermeeschter vu Lissabon.

De 24. November 2015 gouf hie vum Staatspresident Anibal Cavaco Silva chargéiert, eng Regierung opzestellen; dës gouf zwéin Deeg drop vereedegt.

Och bei de Parlamentswale vum 6. Oktober 2019 an de virgezunnene Parlamentswale vum 30. Januar 2022 huet seng Partei déi meescht Stëmme kritt (2022 mat 117 vun 230 Sëtz d'absolutt Majoritéit), sou datt hien allkéiers a senger Fonctioun confirméiert gouf.

Hien ass de 7. November 2023 zeréckgetrueden.

Hierkonft[änneren | Quelltext änneren]

Den António Costa staamt vu sengem Papp senger Säit vu Goa-Katholicken of. Dat sinn indesch Brahminen, déi zum Katholizismus iwwergetruede sinn. Dem António Costa säi Papp war de bekannte Schrëftsteller a Politiker Orlando da Costa a seng Mamm war d'Journalistin Maria Antónia Palla. Den António Costa ass zënter senger Jugend Member vun der Sozialistescher Partei (PS). Hien huet op der Universitéit vu Lissabon Droit studéiert a säi Stage am Büro vum Jorge Sampaio, dee spéider President gouf, ofgeschloss. Duerno krut hien e postgradualen Diplom am Europäesche Recht vun der Kathoulescher Universitéit vu Portugal zu Lissabon.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: António Costa – Biller, Videoen oder Audiodateien