Antoine Hartmann

Vu Wikipedia
Antoine Hartmann
Gebuer 17. Juli 1817
Waldbriedemes
Gestuerwen 5. September 1891
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Architekt
Famill
Kanner Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann

Den Antoine Pierre Louis Hartmann, gebuer de 17. Juli 1817 zu Waldbriedemes, gestuerwen de 5. September 1891 zu Dikrech,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Architekt. Hie war de Jong vum Joseph Hartmann, deen och Architekt war.

Den Antoine Hartmann hat seng Karriär bei der Arméi ugefaangen, wou en am Bureau du génie militaire geschafft huet. Duerno huet en op e puer aner Plaze geschafft bis en 1865 Bezierksingenieur zu Dikrech gouf, wou e bis zu senger Pensioun 1889 bliwwen ass.

Säi grousse Konkurrent war de Charles Arendt.

Architektonesch Charakteristike vun de reliéise Gebaier, déi vun him entworf goufen[änneren | Quelltext änneren]

Déi reliéis Gebaier goufe vum Antoine Hartmann entweeder am "Rondbaustil" (zum Beispill Äischen) oder neogotesch (zum Beispill Biissen) entworf. Déi meescht Kierchegebaier hunn e puer Gemeinsamkeeten:

  • De Chouerraum ass net geschloss, mä gëtt duerch grouss Fensterfläche belieft, déi et erlabe Glasmolereien unzebréngen.
  • D'Laanghaus vun de gréissere Kierche gëtt mat ronne Sailen an en Haaptschëff an a Säiteschëffer opgedeelt. D'Säiteschëffer erreeche bal d'Héicht vum Haaptschëff, soudatt en halenänleche Raum entsteet. Dat fërdert den Androck vu Wäit a vun der Vertikalitéit. Gläichzäiteg kënnt duerch déi dräideeleg Uerdnung vum Laangschëff an duerch grouss Fënstere vill Liicht an de Raum. Faarweg Fënstere sollen den Androck vun eidele Raim evitéieren. Nom Bau (meeschtens mat ville Jore Verspéidung) war et doduerch méiglech de Raum faarweg auszemolen.
  • D'Baussenarchitektur entsprécht dem monumentale Banneraum. Et war dem Architekt en Uleies, datt duerch d'Lag vun der Kierch wéi och duerch déi vertikal Ausriichtung vum Gebai d'Kierchen zu engem markanten Zeechen am Uertschaftsbild ginn. Dozou zielt och e groussen Tuerm, dee sech laanscht d'Aganksfassad eropzitt.

Gebaier, déi vun him entworf goufen[änneren | Quelltext änneren]

Reliéis Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Gebai Baujoer Bild Gebai Baujoer Bild
Redemptoristeklouschter a
Paterekierch (Église Saint-Alphonse)
an der Stad
. Kierch Äischen 1865
Kierch Biissen . Kierch Déifferdeng 1866 1954 ofgerappt
Kierch Ënsber 1862 Kierch Féngeg 1864
Kierch Hiefenech . Kapell Huelmes 1853
Kapell Hueschtert 1885 Kierch Lëtzebuerg-Rollengergronn .
Kierch Rodange 1867 Kierch Rolleng .
Kierch Steeën 1873 Kierch Welschent 1874
D'Vergréissung vun der Kierch Tënten 1885 D'Fäerdegstelle vun der Péitenger Kierch 1869

Zivill Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

D'Chambersgebai

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hartmann, A., 1859. Die St. Willibrordus-Basilika in Echternach und die St. Alphonsus-Kirche in Luxemburg. Publications de la société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, 14 (1858), S. 177-181.
  • Hartmann, A., 1883. Nekrologisches [Heinrich Joseph Sivering]. Publications de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, 19 (1883), S. 290-291.
  • Rede des Hrn. Bezirks-Ingenieurs Hartmann am Grabe des Herrn Ober-Ingenieurs Sivering. Luxemburger Wort 1883, Nr. 75 (31. März), S. 2. [1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1999. Personnagen: Antoine Hartmann. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 135 (17./18. Juli), S. 19.
  • Anonym, 2000. Personnagen: Antoine Hartmann. Lëtzebuerger Journal 2000, Nr. 169 (5. September), S. 17.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S.
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres. Imprimerie Saint-Paul, S. 155.
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. Éditions Saint-Paul, Luxembourg, 208 S. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 80

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antoine Hartmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Martin Blum (S. 396) gëtt aner Daten un: Gebuertsdatum: 30. Juli 1817, Stierfdag: 4. September 1891.