Antoine Nangeroni
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Antoine Nangeroni | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Januar 1910 Péiteng |
| Gestuerwen | 11. August 1964 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Entreprener, Aktivist |
| Famill | |
| Papp | Giuseppe Nangeroni |
| Mamm | Giuditta Rollini |
|
| |
Den Antoine ("Tony") Nangeroni, gebuer den 18. Januar 1910 zu Péiteng[1], a gestuerwen den 11. August 1964[2], war e lëtzebuergeschen Entreprener a Sportsaktivist. Hie war President vum CS Péiteng.[3]
Hien ass am Alter vu 54 Joer bei engem Accident leiebliwwen.
Den Antoine Nangeroni war zweemol bestuet an hat zwou Duechteren an e Jong.[2]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Péiteng eng Strooss, d'rue Antoine Nangeroni[4], no him genannt. Och de Stadion vum CS Péiteng krut säin Numm, an eng Gedenkplack gouf do opgehaangen[5].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) CT-03-02-1114 Naissances. 1908-1913 (Registre) S. 116. Commune de Pétange, Archives nationales (19.01.1910). Gekuckt den 22.08.2025.
- 1 2 "Avis de décès 1 Page 8." In: Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 224 (12.08.1964), p. 8 (digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ "Pokalspiele zum Gedächtnis an Antoine Nangeroni." In: Revue, 21. Jg., nº 35 (28.08.1965), p. 39 (digitised by the National Library of Luxembourg),
- ↑ L-4758
- ↑ "CS Petingen ehrt Antoine Nangeroni." In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 224 (14.08.1965), p. 16 (digitised by the National Library of Luxembourg).
