Antoine de Saint-Exupéry

Vu Wikipedia
Antoine de Saint-Exupéry
Gebuertsnumm Antoine Jean-Baptiste Marie Roger de Saint-Exupéry
Gebuer 29. Juni 1900
Gestuerwen 31. Juli 1944
Mëttelmier
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Pilot, Romancier, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Journalist, Illustrateur, Philosoph
Den Antoine de Saint-Exupéry

Den Antoine de Saint-Exupéry, gebuer den 29. Juni 1900 zu Lyon a gestuerwen den 31. Juli 1944 bei Korsika war e franséische Pilot a Schrëftsteller. Säi wuel bekanntst Wierk ass De klenge Prënz (Le Petit Prince), wat 1994 vum Josy Braun op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

No sengem Militärdéngscht bei der franséischer Loftwaff gouf den Antoine de Saint-Exupéry Pilot fir Privatlinnen an Europa an Iwwerséi. Am Ufank vum Zweete Weltkrich gouf hien Test- a Kampfpilot an 1940 ass hien an déi amerikanesch "Airforce" agetrueden. Vun 1943 un war hien an Nordafrika stationéiert an huet vun do aus Opklärungsflich fir d'Alliéiert gemaach. Vun esou engem Fluch a Richtung Korsika koum hien 1944 net méi zeréck.

Inscriptioun um Panthéon de Paris

Op de Mauere vum Panthéon de Paris erënnert eng Inscriptioun un de Saint-Exupéry:

A LA MEMOIRE DE
ANTOINE DE SAINT EXUPERY
POETE ROMANCIER AVIATEUR
DISPARU AU COURS D'UNE MISSION
DE RECONNAISSANCE AERIENNE
LE 31 JUILLET 1944

Den Antoine de Saint-Exupéry war mat der Consuelo Suncin Sandoval bestuet.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Saint-Exupéry, Antoine de, 1943a. The little prince. Written and drawn by Antoine de Saint Exupéry, translated from the French by Katherine Woods. New York, Reynal & Hitchcock. 91, [3] p. incl. col. front., ill. (part col.) 23 × 19 cm. [Originaleditioun]
  • Saint-Exupéry, Antoine de, 1943b. Le petit prince, avec dessins par l'auteur. New York, Reynal & Hitchcock. 91 p., illus. (part col.) 23 cm. [1. Editioun vum franséischen Originaltext]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antoine de Saint-Exupéry – Biller, Videoen oder Audiodateien