Antoinette Reuter

Vu Wikipedia
Antoinette Reuter
D'Antoinette Reuter (2014).
Gebuer 15. November 1951
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Member vun Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal

D'Antoinette Reuter, gebuer de 15. November 1951 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch, Historikerin an Auteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No hirem Secondairesstudium am Escher Meedercheslycée, huet si Geschicht an Ethnologie op den Universitéite vun Toulouse a Lyon studéiert. Hir zweet Diplomaarbecht (DEA, Lyon II, 1978) huet sech mat der kathoulescher Reform a mat der Vollekskultur um Land am Herzogtum Lëtzebuerg (1570-1720) beschäftegt, en Theema, dat si schonn am Kader vun hirem Mémoire de stage ugepaakt hat (1977). Am Kader vum 'Stage pédagogique' huet si sech mat der Konditioun vun der westlecher Fra am Laf vun de Joerhonnerten ofginn.

Si huet laang Geschicht a Geographie am Lycée technique Nic-Biever zu Diddeleng an um ISERP ginn, an huet 1996 eng Mutatioun an de Stater Kolléisch kritt. Als Matgrënnerin vum Centre de documentation sur les migrations humaines (CDMH) zu Diddeleng (1993) spillt si eng wichteg Roll an der Erfuerschung vun der Awanderung a Lëtzebuerg an der Auswanderung aus dem Land, vun de verschiddenen nationalen a reliéise Gemeinschaften am Grand-Duché wéi och vun der Aktivitéit vu lëtzebuergeschen Emigranten am Ausland. D'Antoinette Reuter ass zënter November 2023 Presidentin faisant fonction vum CDMH.[1]

D'Antoinette Reuter, déi effektive Member vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onosmatique a Membre correspondant vun der Section des Sciences historiques vum Institut grand-ducal ass, war mam fréi verstuerwenen Affekot Michel Kostigoff bestuet an ass Mamm vun zwee Kanner.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Rheinlandtaler vum Landschaftsverband Rheinland fir hiert Engagement am Kader vum C.D.M.H. (Diddeleng).

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Hexenprozesse in Luxemburg (1560-1700); in: Hexen; Broschür erausgi vun 'École des Femmes' zesumme mat der Lëtzebuerger Sektioun vun de 'Femmes socialistes', 7. Juni 1986; Ss. 32-38.
  • Des marchands savoyards en Luxembourg (XVIe-XVIIIe siècles); in: Annuaire / Jahrbuch 1991 vun der Lëtzebuergescher Gesellschaft fir Genealogie an Heraldik; Ss. 205-232.
  • Stuck, Parkett und Wintergarten: grossbürgerliches Wohngefühl um die Jahrhundertwende ; in: 25e anniversaire Lycée technique Nic.-Biever 1968-1993 ; Diddeleng (Imprimerie Hengen), 1993; Ss. 31-40 (ill.).
  • La crise sociale et économique du XVIIe siècle; in: Piété baroque en Luxembourg, Buch zu enger Ausstellung am 'Musée diocésain en Piconrue', B-Baastnech, 1995; Ss. 23-28.
  • Heinrich Gaderius, streitbarer Pfarrer von Koerich (1607-1621) ; in: 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997 ; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 129-134.
  • Unbekannte Hexenprozesse in Koerich ; in: Kanton Capellen, Sonnernummer vun Nos Cahiers, 2003, Nr. 3/4, Ss. 233-243.
  • Les bacheliers de l'Athénée de par le monde - L'évasion des talents illustrée à l'échelle d'une école; Broschür zu enger Ausstellung an der Nationalbibliothéik (= fréiere Kolléisch) fir d'400-Jorfeier vum Stater Kolléisch; Lëtzebuerg, 2003; 72 Säiten.
  • Les migrations, un nouveau champ patrimonial; in: Guide culturel du Luxembourg; Steesel, 'Éditions Ilôts', 2007, publizéiert ënner der Schiirmherrschaft vum 'Ministère de la Culture, de l'Enseignement supérieur et de la Recherche'; Bd. 1 (vun 2), Ss. 292-303.
  • Des missionnaires dans la tourmente politique - Les capucins luxembourgeois en Louisiane; in: Le face-à-face des dieux - Missionnaires luxembourgeois en outre-mer, Buch zu enger Ausstellung am 'Musée diocésain en Piconrue', B-Baastnech, 2007; Ss. 261-265.
  • De Limburgse teuten in Luxemburg: een vrijwel onopgemerkt handelsbezoek / Les 'teuten' limbourgeois en Luxembourg: une présence commerciale peu explorée; in: Luxemburg-Limburg, verwantschap zonder grenzen / Luxembourg-Limbourg, parenté sans frontières; Maastricht, Verlag Artibus ad Mosam, 2009; Ss. 166-181.
  • Entre deux souverainetés: le désarroi des populations du plat pays thionvillois au miroir d'un procès de sorcellerie ; in: Hémecht, Jgg. 62 (2010), Heft 3-4, Ss.493-501.
  • Du Luxembourg au Piémont: Jules Elter et sa famille ; in: Biografie - Itenerari - Migrazioni / Biographies - Itinéraires - Migrations. Scambi industriali italo-lussemburghesi nelle attività minerarie e siderurgiche in Piemonte e Val d'Aosta tra XIX e XX secolo / Échanges industriels italo-luxembourgeois dans les activités minières et sidérurgiques au Piémont et dans la Vallée d'Aoste entre XIXe et XXe siècle [= actes de la Journée internationale d'études, Luxembourg, 3 décembre 2011]; Torino / Turin (Centro Studi Piemontesi), (Dezember) 2013; Ss. 79-94 (ill.). - ISBN 978-88-8262-207-7
  • Trésors de papiers - Les archives des migrations au CDMH ; in: forum, Nr. 337 / Februar 2014; Ss. 33-35.
  • La présence juive à Dudelange ; in: Émancipation, éclosion, persécution - Le développement de la communauté juive luxembourgeoise de la Révolution française à la 2e Guerre mondiale ; erausgi vum Thorsten Fuchshuber a vun der Renée Wagener; Bréissel & Fernelmont (EME & InterCommunications), 2014; vgl. Ss. 89-118 (ill.).
  • (als Co-Éditrice, mam Sonja Kmec a mam Robert L. Philippart, an als Co-Auteur), Ewige Ruhe? Grabkulturen in Luxemburg und in den Nachbarregionen / Concession à perpétuité? Cultures funéraires au Luxembourg et dans les régions voisines; Miersch (Capybara Books), 2019; 352 S. - Dozou, vgl. d'Tageblatt-Bäilag Livres - Bücher vum November an Dezember 2019, S. 13.
  • (mam Georges Buchler, Architekt, Antoinette Lorang, Denis Scuto, Christof Weber) Esch-sur-Alzette. Guide historique et architectural, éd. en coopération avec C2DH, Uni.lu, Ville d'Esch-sur-Alzette et capybarabooks). Esch-sur-Alzette 2020. 480 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brigitte Pétré, L'invitée du mois - Antoinette Reuter; Interview an der lëtzebuergescher Fraenzäitschrëft info magazine vum Juli-August 2001, Ss. 8-9.
  • Trois questions à... Antoinette Reuter; Interview an der Zäitschrëft Interregactions - La lettre du programme Interreg III-A Wallonie Lorraine Luxembourg ; Nr. 7, August 2006; S. 4. ISSN 1781-4715.
  • Rencontre avec Antoinette Reuter, historienne - Issus de l'industrie, ces quartiers restent vivants; in: Wunnen, Nr. 41, (Lëtzebuerg) November-Dezember 2014; Ss. 110-114 (ill.; Fotoe vum P. Lobo).
  • François Besch, Thema Hexenprozesse - „Wirtschaftliche Ursachen“ Antoinette Reuter, Die Historikerin und Autorin im Tageblatt-Interview am Tageblatt vum 4. Mäerz 2017.
  • Anne Heintz, Geschichte unter der Lupe. Die Historikerin Antoinette Reuter engagiert sich seit 26 Jahren ehrenamtlich im Migrationszentrum in Düdelingen; In: Luxemburger Wort vum 22. & 23. Juni 2019; S. 37 (ill.).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vum CDMH