Anton Pawlowitsch Tschechow

Vu Wikipedia
Anton Pawlowitsch Tschechow
Gebuertsnumm Антонъ Павловичъ Чеховъ
Pseudonym Брат моего брата, Человек без селизёнки, Антоша Чехонте
Gebuer 29. Januar 1860
Gestuerwen 15. Juli 1904
Badenweiler
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Prosaist, Satiriker, Dramatiker

Den Anton Pawlowitsch Tschechow [ˈtʃʲɛxəf] (ru.: Антон Павлович Чехов, gebuer de 17.jul./ 29. Januar 1860greg. zu Taganrog, a Russland, a gestuerwen de 2.jul./ 15. Juli 1904greg. zu Badenweiler, am Däitsche Räich, war e russesche Schrëftsteller. Vu Beruff war hien Dokter, en huet awer virun allem vum Schreiwe gelieft.

International ass den Tschechow fir seng Theaterstécker, wéi z. B. Tri sestry (Три сестры, "Dräi Schwësteren"), Tschaika (Чайка, "D'Méiw") oder Wischnjowy sad (Вишнёвый сад, De Kiischtebongert) bekannt. Tëscht 1880 an 1903 huet hien iwwer 600 literaresch Wierker geschaf. Seng Portraiten, op eng zeréckhalend Aart a Weis, vun den typeschen Aspekter aus dem Liewen an der Denkweis vun de Leit an der russescher Provënz hunn hien zu engem vun de bedeitendsten Auteure vun der russescher Literatur gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anton Pawlowitsch Tschechow – Biller, Videoen oder Audiodateien