Antonia vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Antonia vu Lëtzebuerg
D'Prinzessin am Alter vun 19 Joer
Titelen
Biographie
Gebuer 7. Oktober 1899
Schlass Hohenburg
Gestuerwen 31. Juli 1954
Lenzerheide
Bestuet mat Rupprecht vu Bayern
Papp Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Ana vu Bragança
Geschwëster Hilda vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg
Kanner Heinrich vu Bayern, Irmingard vu Bayern, Editha vu Bayern, Hilda vu Bayern, Gabriele vu Bayern, Sophie vu Bayern

D'Antonia Roberta Sophie Wilhelmine vun Nassau-Weilburg, gebuer de 7. Oktober 1899 um Schlass Hohenburg a Bayern a gestuerwen den 31. Juli 1954 zu Lenzerheide an der Schwäiz, war eng lëtzebuergesch Prinzessin an duerch hiert Bestietnes mam Rupprecht vu Bayern wier si déi lescht bayresch Krounprinzessin ginn, wann d'Novemberrevolutioun vun 1918 d'Monarchie an Däitschland net scho virdrun ofgeschaaft gehat hätt.

D'Prinzessin Antonia war dat véiert Meedche vum Wëllem IV. vu Lëtzebuerg an der Maria Ana vu Bragança. An de leschte Krichsméint vum Éischte Weltkrich, den 20. Februar 1918, huet si sech mam 30 Joer méi ale Krounprënz verloobt. Déi Verlobung gouf awer aus politesche Grënn erëm opgeléist. Am Februar 1921 hunn déi zwee en zweeten Ulaf geholl an de 7. Abrëll 1921 goufe si bestuet. D'Koppel krut sechs Kanner.

Nom Attentat vum "Däitsche Widderstand" op den Adolf Hitler den 20. Juli 1944, gouf an de Militärkreesser no Matwësser an hire Famillje gesicht, déi zur chrëschtlech-konservativer "Reaktioun" gezielt goufen an dowéinst géint den nationale Sozialismus agestallt waren. Sou gouf och nom fréiere Krounprënz a Generolfeldmarschall a. D. Rupprecht gesicht, deen s'allerdéngs net fonnt hunn, well hie sech am italieenesche Florenz bei sengem Kolleeg, dem Fräihär vu Fraunberg verstoppt huet.

D'Gestapo huet dunn d'Antonia an hir Kanner eleng verhaft an am KZ Sachsenhausen, respektiv duerno an deem vun Dachau internéiert, wou si eréischt am Abrëll 1945 fräikoumen. D'Antonia déi sech ni ganz vum Openthalt an de Konzentratiounslager erkritt hat, ass mat 54 Joer zu Lenzerheide gestuerwen.

Si gouf um Campo Santo Teutonico zu Roum bäigesat. Hiert Häerz ass an der Gnodekapell vun Altötting.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinrich Franz Wilhelm (* 28. Mäerz 1922; † 14. Februar 1958)
  • Irmingard Marie Josepha (* 29. Mee 1923; † 23. Oktober 2010)
  • Editha Marie Gabrielle (* 16. September 1924; † 4. Mee 2013)
  • Hilda Hildegard Marie (* 24. Mäerz 1926; † 5. Mee 2002)
  • Gabriele Adelgunde Marie (* 10. Mee 1927)
  • Sophie Marie Therese (* 20. Juni 1935)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antonia vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien