Antoniuskapell zu Haastert

Vu Wikipedia
Kapell vun Haastert
Kapell zu Haastert (2011)

Kapell zu Haastert (2011)
Kapell zu Haastert (2011)
Uertschaft / Plaz Haastert
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Koordinaten 49° 41’ 32.7’’ N
      06° 21’ 51.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Antoniuskapell zu Haastert ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Biwer gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Antonius, deem säi Fest den 13. Juni gefeiert gëtt.

D'Kapell, déi ufanks vum 20.Joerhonnert gebaut gouf, steet op der Haaptstrooss, dem CR134. Vun 1985 u gouf d'Kapell an e puer Phase renovéiert.

D'Kapell huet fréier zur Par Betzder gehéiert, zu där ausser der Kapell vun Haastert och nach d'Parkierch vu Betzder gehéiert huet.

Nieft dem Agank vun der Kapell steet e Weekräiz vun 1832, dat och scho virum Virgängerbau stoung.

Am Biwener Gemengerot vum 17. Dezember 2019 gouf eestëmmeg decidéiert d'Prozedur zur Entweiung vun der Antoniuskapell anzeleeden[1],[2]. An der Kapell goufen zanter 2016 kaum méi reliéis Feieren ofgehalen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antoniuskapell zu Haastert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. de biwer Buet, Wanter 2020, S.26 Archivéiert op 2020-04-25. Gekuckt de(n) 2020-04-30.
  2. Kapelle wird entweiht, Gemeinde Biwer leitet Profanierung für Gottesdiensthaus in Hagelsdorf ein - Künftige Nutzung noch unklar, Luxemburger Wort, 30. Abrëll 2020, S. 29