Antoniuskierch zu Hoen

Vu Wikipedia
Kierch vun Hoen

Uertschaft / Plaz Käerch
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Konsekratioun 1871
Architekt(en) Ch. Arendt
Baujoer 1871
Koordinaten 49° 40’ 05.7’’ N
      05° 57’ 0.4’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Hoen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire an zu der Gemeng Stengefort gehéiert.

Patréiner ass den hellegen Antonius de Klausener, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft laanscht d'Haaptstrooss (rue Principale), dem CR110, un der Kräizung mat der rue de l'École.

Zur fréierer Par Hoen gehéiert ausser der Parkierch vun Hoen och nach d'Filialkierch vu Klengbetten.

Geschicht

D'Kierch ass 1871 no de Pläng vum Charles Arendt als Erweiderung vun enger Kapell gebaut ginn, déi 1843 zur Parkierch erhuewe gouf an dem hellegen Antonius geweit war. Den urspréngleche Kierchtuerm war aus Holz, ass awer 1864 ofgerappt gi well e morsch a baufälleg war. Deemools war de Kierfecht nach nieft der Kierch, haut ass en um Rand vum Duerf a Richtung Klengbetten.

Vun 1951 bis 1952 ass si ëmgebaut ginn, den Architekt war de Jean Deitz. Dobäi krut si en neien Altor.

Kierch vu bannen

Uergel

D'Uergel, vum Uergelbauer Haupt, gouf am Abrëll 1954 vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel ageweit an den Doumorganist Albert Leblanc huet bei där Geleeënheet den éischte Concert drop gespillt. Am Joer 1968 ass d'Uergel restauréiert ginn.

Paschtéier vun der Par

  • 1841 - 1842 Pierre Alberty
  • 1842 - 1846 Albert Rinck
  • 1846 - 1865 Théodore Rinck
  • 1865 - 1867 Jean-Pierre Coster
  • 1867 - 1899 Pierre Majerus
  • 1899 - 1909 Pierre Reiter
  • 1909 - 1930 Jacques Klingenberg
  • 1930 - 1948 Albert Kieffer
  • 1948 - 1969 Victor Francq
  • 1969 - 1973 Camille Eischen
  • 1973 - 1988 Georges Richard
  • 1988 - 2009 Jean-Jacques Flammang SCJ

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Antoniuskierch zu Hoen – Biller, Videoen oder Audiodateien