António Ferreira

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den António Ferreira

Den António Ferreira, gebuer 1528 zu Lissabon an och do gestuerwen den 29. November 1569, war e portugiseschen Auteur an Dramaturg.

De Ferreira huet säin Ofschloss op der Universitéit Coimbra gemaach an duerno als Staatsbeamten zu Lissabon gewunnt, wou e méi spéit un der Pescht gestuerwen ass.

Seng Gedichter, déi eréischt no sengem Doud publizéiert goufen, hu souwuel de Verstand wéi och d'Gefiller ugesprach. Dem Ferreira säi Meeschterwierk war „A Castro“, eng Tragedie iwwer d'Léift vum Prënz Pedro zur Inés de Castro an där hir Ermuerdung (1355), déi vum Prënz sengem Papp, dem Alfons IV. op Dierängele vu senge Beroder ordonéiert gi war.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • A Castro
  • Poemas lusitanos