Anville (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Anville
Anville (riets ënnen) an Ëmgéigend
(LROC-WAC)
Koordinaten 1°50'24"N, 49°30'36"O
Duerchmiesser 10,3 km
Déift 2.220 m
Selenographesch Längt 311° bei Sonnenopgank
Genannt no J.- B. Bourguignon d'Anville
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ13


Anville, Foto: Apollo 11

Den Anville ass e relativ klengen, eenzel geleeënen Aschlagkrater um nërdlechen Deel vum Mare Fecunditatis. Déi nächst opfalend Strukture sinn op enger gewësser Distanz südwestlech vum Krater Messier an, nach méi wäit ewech am Südoste, südlech vum Moundequator, d'Hiwwele vum Dorsa Geikie mat dem Krater Lindbergh deen hannendru läit. Am Nordweste läit den Krater Taruntius um Rand vum Mare.

De kreesronne, taassfërmege Krater huet e schaarfe Kraterrand an huet nëmme kleng Erosiounsspueren. Am ëstleche Beräich vun der bannenzeger Kratermauer losse sech kleng Rutschungen erkennen.

Den Anville gouf trotz der grousser Distanz als Satellittekrater vum Taruntius mat der Bezeechnung 'Taruntius G' gefouert. Am Joer 1976 gouf de Krater vun der I.A.U. op den Numm Anville, nom franséische Geograph Jean-Baptiste Bourguignon d'Anville (1697–1782) ëmgedeeft.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]