Op den Inhalt sprangen

Apollo-Asteroid

Vu Wikipedia
Radarbild vum (4179) Toutatis, engem Asteroid vum Apollotyp

Apollo-Asteroide sinn Asteroide mat Bunnhallefachse baussenzeg vun der Äerdbunn a mat Exzentrizitéiten, déi duergi fir trotzdeem Periheldistanze bannenzeg vun der Äerdbunn z'erreechen. Asteroide vum Apollotyp kräizen d'Äerdëmlafbunn a ginn nom Asteroid Apollo genannt. Hir Bunnen hunn e Perihel ënner 1,017 AE, wat der Aphel-Distanz vun der Äerd entsprécht. Verschidden Objete kënnen am Perihel souguer a bannenzeg vun de Venus-Ëmlafbunne geroden. Vun Apollo-Asteroide geet als Äerdbunnkräizer e gewësse Risiko fir en Aschlag op d'Äerd aus. Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war den éischten Objet, fir deen e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisiken ermëttelt gouf.

Bunnbestëmmungen hu gewisen, datt d'Asteroide vun der Haaptceinture wéinst gravitative Stéierunge vum Jupiter op Apollobunnen iwwergoe kënnen. E Beispill dofir sinn d'Alinda-Asteroiden zu deenen e puer Objete vum Apollotyp wéi z. B. (4179) Toutatis gehéieren. Si beweege sech an 3:1-Resonanzen zum Jupiter a gi sou an hirer Bunn gestéiert, wouduerch d'Exzentrizitéite vun dësen Objete stänneg erhéicht ginn, bis d'Resonanz bei enger Approche un ee vun de bannenzege Planéiten opgeléist gëtt.

De gréissten Apollo-Asteroid ass den (1866) Sisyphus mat 8,5 km Duerchmiesser. Weider bekannt Vertrieder sinn den (2101) Adonis an (69230) Hermes, deen 1937 op enger 1,5-facher Mounddistanz un eiser Äerd laanscht gezunn, duerno als verscholle gegollt huet, an am Joer 2003 nees erëmfonnt gouf. 1990 waren 63 Apollo-Asteroide bekannt, 1999 schonn 415, am November 2003 nom Minor Planet Center (MPC) 1190 an am August 2006 waren et der 2170.

Commons: Apollo-Asteroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien