Apollo (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Apollo
Koordinaten 35°41'18"S, 151°28'53"W
Duerchmiesser 524 km
Selenographesch Längt 161° bei Sonnenopgank
Genannt no Apollo-Programm
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ24
Kaart mat Faarfhéichte vum Krater, registréiert vun der Sond Clementine

Den Apollo ass ee vun de gréisste Moundkrater um Äerdmound. D'Formatioun läit an der südlecher Hemisphär op der Moundrécksäit.

De grousse Krater huet d'Form vun engem risegen Duebelrank, woubäi de bannenzege Rank ongeféier 200 km am Duerchmiesser huet, a weist eng däitlech negativ Gravitatiounsanomalie op (negative Mascon).

Am Zentrum vun der Formatioun leien en ettlech kleng Krateren, déi zum Deel no verongléckte Crewmemberen vu Raumfaartmissioune (kuckt och Apollo 1, Challenger a Columbia) genannt goufe.

Genee déi selwecht Form vum Duebelrank fënnt een och bei de nërdlech leiende Risekrateren Korolev an Hertzsprung. Geneesou hunn déi dräi Groussstrukture vun der Moundrécksäit Änlechkeeten am Schwerebild (méi schwaach och zum Mare Orientale), wat op familiäer Genesisgeschichte hiweist.

Bannenzeg Krateren (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Krater Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser genannt nom
Chawla 42,8° S 147,5° W 15 km Kalpana Chawla
D. Brown 42,0° S 147,2° W 15 km David McD. Brown
Husband 40,8° S 147.9° W 29 km Richard D. Husband
L. Clark 43,7° S 147,7° W 16 km Laurel B. S. Clark
McCool 41,7° S 146,3° W 21 km William C. McCool
M. Anderson 41,6° S 149,0° W 17 km Michael P. Anderson
Ramon 41,6° S 148,1° W 17 km Ilan Ramon

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]