Apple Macintosh
Den Apple Macintosh,(ˈmækɪntɒʃ) haut einfach Mac (mæk) genannt, ass en Desktop-Computer vun Apple. Den éischte Mac, deen 1984 agefouert gouf, war den éischte kommerziell erfollegräichen Desktop-Computer, deen eng graphesch Benotzersurface (GUI) an eng Maus amplaz vun enger Befehlszeilen-Uewerfläch (CLI) hat.
Inhaltsverzeechnes
Numm[änneren | Quelltext änneren]
De Macintosh ass nom Apel McIntosh benannt. De McIntosh war de Liiblingsapel vum Jef Raskin, engem Member aus dem Designteam vu Macintosh. En alternativen Numm während der Entwécklungszäit war Bicycle ("Vëlo"): Den Apple-Matgrënner Steve Jobs huet de Computer als Bicycle for your mind gesinn, mä wéinst dem Widderstand vum d'Entwécklerteam huet sech d'Bezeechnung Macintosh schlussendlech duerchgesat.
Fir den Numm Macintosh hat Apple am Joer 1983 en 10-järegt Lizenzofkommes mam amerikaneschen HiFi-Hiersteller McIntosh Laboratory ofgeschloss.
Aktuell Produiten[änneren | Quelltext änneren]
| Bild | Numm | Typ | Zilgrupp | Beschreiwung |
|---|---|---|---|---|
| Mac mini | Desktop | Consumer | De Mac mini ass de bëllegste Mac dee bis ewell gebaut gouf, gläichzäiteg ass et den eenzege Computer vun Apple bei deem weder en Ecran, nach eng Tastatur oder Maus matgeliwwert gëtt. | |
| iMac | Desktop | Consumer | Den iMac ass dee bekanntste Computer vun Apple, a gläichzäiteg deen, deen am meeschte verkaf gouf. Als "All-in-One Design" kombinéiert en Ecran a Computer an engem Gehais. En huet en Intel Core 2 Duo respektiv en Intel Core i7 a gëtt mat engem 21,5"-, oder 27"-TFT-Bildschierm verkaf. | |
| Mac Pro | Workstation | Professionell User | De Mac Pro ass deen deiersten a gläichzäiteg séierste Workstation-Computer vun Apple. Vu bausse gesäit e bal d'selwecht aus wéi de PowerMac G5, mä doduerch datt d'Intel CPU manner Stroum verbrauchen, ass d'Hardware ganz nei entwéckelt ginn. Den aktuelle Modell huet een (Optioun:zwee) Intel Xeon-Prozesser a gouf den 3. Mäerz 2009 virgestallt. | |
| MacBook | Laptop | Consumer | De Macbook ass den Apple Laptop fir Consumer. De Moment gëtt een Intel Core 2 Duo-Prozesser mat 2,26 GHz an en NVIDIA 9400 M Graphikchip verbaut. De Macbook gëtt momentan nëmmen am wäisse Plastik verkaf. | |
| MacBook Pro | Laptop | Professionell User |
| |
| MacBook Air | Laptop | Consumer | De MacBook Air war bei senger Virstellung, am Januar 2008, den dënnste Laptop um Marché. Et gëtt entweder en Intel Core 2 Duo mat 1,86 GHz an eng 120 GB SATA Festplack verbaut, oder, géint Oppräis, deselwechten Prozesser mat 2,13 GHz an eng SSD mat 128 GB verbaut. Als Graphikchip gëtt eng NVIDIA GeForce 9400 M verschafft. Et gëtt en 13,3" Bildschierm mat enger LED-Hannergrondbeliichtung verbaut. Nieft dem MagSafe-Netzuschloss huet de MacBook Air nëmmen dräi aner Uschlëss: en Adui-Ausgang, en USB-Port an e Mini Display Port | |
| Xserve | Server | Wirtschaftskonzerner a professionell User | Den Xserve ass deen eenzege Server vun Apple, dee virun allem als Dateserver a fir Client-Server-Uwendunge benotzt gëtt. Als Prozesser ginn, d'selwecht wéi beim Mac Pro Intel Xeon verbaut, déi op der Nehalem-Architektur baséieren. |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Macintosh – Biller, Videoen oder Audiodateien |