Apronym

Vu Wikipedia

En Apronym ass en Akronym, deen en normaalt Wuert ergëtt. Well ee sech e Wuert, dat et scho gëtt, gutt mierke kann, bitt et sech un, grad aus der Siicht vum Marketing, e passend Wuert ze sichen an dann eréischt den Akronym dozou z'erfannen.

Ee Beispill ass de BUND – "Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland", eng däitsch Ëmweltschutzorganisatioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]