Aquarius Aerial Firefighting
Aquarius Aerial Firefighting | |
---|---|
![]() | |
Typ | Société à responsabilité limitée |
Grënnungsdatum | 6. Mee 2024 |
Sëtz | Sandweiler |
Generaldirekter | Wieger Ketellapper |
Branche | Brandbekämpfung, Aviatioun |
RCS | B286287 |
Homepage | https://www.aquariusaff.com/ |
![]() |
Aquarius Aerial Firefighting Sàrl[1] (gekierzt Aquarius AFF), ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft déi sech haaptsächlech ëm d'Brandbekämpfung aus der Loft këmmert. Hir Heemechtsbasis ass de Fluchhafe Lëtzebuerg. Et ass eng honnertprozenteg Duechtergesellschaft vun der Cargolux.
D'Cargolux baut op hir operationell Expertis an hir héich Sécherheetsnormen op fir hir Aktivitéite mat der Brandbekämpfung aus der Luucht auszebauen. Zu den Haaptziler vun Aquarius AFF zielt de Kampf géint Bëschbränn fir domat natierlech Ressourcen, Déieren a Mënscheliewen ze schützen.
Aktuell Flott
[änneren | Quelltext änneren]Aquarius AFF bedreift aktuell(Stand: September 2024) 4 Fligere vum Typ AT-802 Fire Boss vum US-amerikanesche Constructeur Air Tractor. Dee Modell gouf wéinst senge Fäegkeeten zesumme mat der Käschteneffizienz ausgewielt.
Et sinn eemotoreg Maschinnen déi hiren Tank (3.104 l) iwwer dem Fléien a manner wéi 15 Sekonnen aus enger Waasserfläch opfëlle kënnen.
Bis 2026 plangt d'Firma fir eng Flott vun 12 Fligeren ze hunn.
Opträg
[änneren | Quelltext änneren]D'Firma huet am Summer 2024 en éischte Kontrakt mat der spuenescher Regierung ofgeschloss an huet 3 vun hire Läschfligeren an der Géigend vu Valencia stationéiert. Vu do aus kënnen se – wa se gebraucht ginn – bannent 15 Minutten op en Asaz starten. Et ginn och Gespréicher mat der Lëtzebuerger Regierung gefouert, fir ze kucken, wéi eng eventuell Zesummenaarbecht entsoe kéint.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aquarius Aerial Firefighting – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ am Handelsregëster ënnert B2862879 agedroen