Arbre de la paix (Skulptur)

Vu Wikipedia
Arbre de la paix
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Koordinaten 49°36'26,78"N, 6°7'37,02"O
Ageweit 6. Oktober 2019
Material Bronz
Kënschtler Hedva Ser
De Friddensbam beim Vëloswee 31b
Plack um Sockel

De Friddensbam, offiziell Arbre de la paix ass eng Skulptur vun der Hedva Ser am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se steet bei der Metzer Plaz, laanscht de Vëloswee 31b, an der Afaart fir op d'Vëlos- a Foussgängerbréck ënnert der Neier Bréck.

D'Skulptur gehéiert zu enger Serie vu Friddensbeem déi d'Kënschtlerin am Kader vun hirem Kampf fir en interkulturellen Dialog zanter 2007 uechter d'Welt opstellt. De Lëtzebuerger Friddensbam gouf de 6. Oktober 2019 ageweit, dëst am Kader vun de 50 Joer Fräiwëllegenarméi an den 175 Joer Militärmusek zu Lëtzebuerg, Anniversairen déi allebéid 2017 gefeiert goufen.

Um Sockel vun der Skulptur ass eng Plack ugemaach, wou dëst drop steet:

A l'occasion du
50e anniversaire
du Corps des Volontaires de l'Armée
et du
175e anniversaire
de la Musique Militaire Grand-Ducale
Sculpture "Arbre de la Paix"
de Hedva Ser, Artiste de l'Unesco pour la Paix

Symbolik[änneren | Quelltext änneren]

Der Kënschtlerin no, ass dat éischt Element vum Friddensbam d'Symbol Chai (חַי), e Wuert aus dem Hebräesche wat souvill wéi Liewe bedeit. Dat zweet Element ass de Shin, (ܫ) wat op Hebräesch den éischte Buschtaf vum Wuert Shalom an op Arabesch, den éischte Buschtaf vum Wuert Salam ass.

Dat drëtt Element vun der Skulptur ass d'Dauf, Symbol vun der Hoffnung an der Fräiheet. D'Dauf sëtzt op engem Aascht an ass prett fortzefléien, fir zum Fridden an zur Léift tëscht den Natiounen opzeruffen. Dat lescht Element vun der Skulptur ass eng Moundséchel, d'Symbol vum Islam[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arbre de la paix: Informatiounen op der Internetsäit vun der Kënschtlerin (hedva-ser.com), gekuckt de 26. Abrëll 2020