ArcelorMittal Diddeleng

Vu Wikipedia

D'ArcelorMittal Diddeleng war déi eenzeg Produktiounsunitéit aus dem Flaachstolberäich vum Groupe ArcelorMittal zu Lëtzebuerg. Si ass den 1. Januar 2007 aus der Fusioun vun Ewald Giebel Luxemburg an der Arcelor Diddeleng ervirgaangen.

D'Wierk huet zwou Aluminiumbeschichtungslinnen, zwou Elektrogalvanisatiounslinnen an ee Steel-Service-Center, dat Ganzt mat enger Produktiounscapacitéit vun 1 Millioun Tonne pro Joer.

Enn Juni 2019 huet ArcelorMittal d'Wierk - zesumme mat aneren zu Ostrava an Tschechien, Galati a Rumänien, Skopje an Nord-Mazedonien, Piombino an Italien, a Léck an der Belsch - un d'Liberty House Group verkaaft, déi der Gupta Family Group (GFG Alliance) gehéiert.[1] Zesumme mat deene vu Léck gouf d'Firma a Liberty Liège-Dudelange ëmgenannt.

Am Mäerz 2021 huet de Creancier vu der GFG, d'Fintech-Entreprise Greensill, faillite gemaach[2],[3] Zanterhier gëtt gekuckt, wéi et soll virugoen (Stand: Juni 2021).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Werk Düdelingen ist verkauft." wort.lu, 01.07.2019.
  2. Thierry Labro: "Faillite de Greensill, inquiétude pour Liberty Steel." paperjam.lu, 09.03.2021.
  3. Jeremy Zabatta: "Liberty Steel: Dudelange toujours dans l' incertitude." paperjam.lu, 06.04.2021.