Ardenner Zeitung (1862-1863)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Ardenner Zeitung, déi 1862-1863 erauskoum. Fir eng aner Zeitung mam selwechten Numm, kuckt wgl. Ardenner Zeitung (1885-1939).
Ardenner Zeitung


D'Ardenner Zeitung war eng Zeitung, déi vum 5. Oktober 1862 bis de 15. November 1863 zweemol d'Woch zu Dikrech erauskoum. Editeuren an Drécker waren d'Bridder Pierre a Jacques Heintzé.

Hiert Zil war et, am Éislek dem liberale Wächter an der Sauer eng konservativ a regierungstrei Stëmm entgéintzesetzen, sou wéi d'Heintzéen et schonn an der Stad Lëtzebuerg mat hirer L'Union, déi sech géint de Courrier du Grand-Duché de Luxembourg positionéiert hat, gemaach hunn.

D' Ardenner Zeitung konnt sech awer net géint de Wächter duerchsetzen an huet no engem Joer nees opgehalen.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.