ArduSat 1

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
ArduSat 1
Aussetze vum ArduSat 1
Typ Amateurfunksatellit
Land Flag of the United States.svg USA
Agentur NanoSatisfi
COSPAR-Bezeechnung 1998-067DB
Mass 1 kg
Start 3. August 2013, 19:48 UTC
Startplaz Tanegashima Space Center
Drorakéit H-IIB

Den ArduSat 1 (vun Arduino a Satellit) ass en US-amerikaneschen Technologietest- an Amateurfunksatellit.

Opbau an Notzlaascht[änneren | Quelltext änneren]

Den ArduSat 1 ass e CubeSat vun der Gréisst 1U. D'Haaptplatine huet verschidden Arduino-Leetplacken. Fir d'Steierung an d'Auswäertung konnte selwerentwéckelt Applikatiounen gebraucht ginn, déi d'Signaler vun der Kamera an déi verschiddene Sensoren auswäerten.

De Satellit sent op der Amateurfunkfrequenz 437,325 MHz mat 9600 Baud.

Missiounsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Den ArduSat 1 gouf den 3. August 2013 19:48 UTC vum Tanegashima Space Center u Bord vum japanesche Raumfrachter HTV-4 zesumme mat de Klengsatellitten ArduSat X, TechEdSat 3 a Pico Dragon mat enger H-IIB op d'Raumstatioun ISS gestart. Den 19. November 2013 gouf de CubeSat vun der ISS aus mat Hëllef vun enger Startvirriichtung an de Weltraum ausgesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]