Op den Inhalt sprangen

Arendt & Medernach

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Arendt & Medernach
Typ Société anonyme (Lëtzebuerg)
Grënnungsdatum 22. Abrëll 2014
Sëtz Lëtzebuerg
Generaldirekter Jean-Marc Ueberecken
Managing Partner
Branche Droit
RCS B186371
Homepage https://www.arendt.com/

Arendt & Medernach ass eng lëtzebuergesch Société anoyme an eng vun de bedeitendsten Affekotenetüden zu Lëtzebuerg.

1988 hu sech d'Etüden Arendt & Harles a Mersch & Medernach zesummegedoen, fir déi néi Etüd ze grënnen; d'Aktiegesellschaft ass 2014 an d'Liewe geruff ginn.

2009 huet d'Etüd Arendt Services gegrënnt, eng Gesellschaft, déi Finanzservicer ubitt, déi normalerweis vu Fiduciairen oder Auditbüroen ugebuede ginn.

Zënter dem Enn vun den 2000er Joren ass Arendt & Medernach déi gréisst Affekotenetüd zu Lëtzebuerg.

Verschidde Partner vun der Etüd spillen eng wichteg Roll an der lëtzebuergescher Gesellschaft: de Paul Mousel ass President vum Verwaltungsrot vum Centre Hospitalier de Luxembourg an de Claude Kremer war vun 2007 bis 2011 President vun der Association luxembourgeoise des fonds d'investissement (ALFI). Zwéi Bâtonniere kommen aus där Etüd: de Guy Harles (2011-2012) an de François Kremer (2018-2020).

D'Etüd war an ass am Ausland present: Bréissel (1995-2013), New York (2005-), London (2007-), Dubai (2008-), Hong Kong (2009-), Moskau (2012-2022) a Paräis (2017-).

  • Bernard Thomas: "Les maîtres." in: d'Lëtzebuerger Land, 16.05.2014.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]