Argenton-sur-Creuse

Vu Wikipedia
Argenton-sur-Creuse
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Indre
Arrondissement Châteauroux
Kanton Argenton-sur-Creuse
Postcode 36200
Gemengecode 36006
Koordinaten 46° 35’ 23’’ N
      01° 31’ 12’’ O
Fläch  2 934 ha
Bevëlkerung  5 120 (2010)

Argenton-sur-Creuse ass eng kleng franséisch Stad am Departement Indre an der Regioun Centre.

D'Stiedchen huet sech am Mëttelalter lues a lues ëm eng Bréck breetgemaach déi do iwwer d'Creuse geet.

Déi al Bréck gouf vun enger Buerg bewaacht déi op där Plaz stoung wou haut d'Kapell Notre-Dame des Bancs steet, an déi och einfach Bonne Dame genannt gëtt. D'Kapell gouf der Muttergottes geweit well si d'Stad 1623 virun enger Peschtepidemie geschützt huet.

Vun der Terrasse virun der Kapell huet een eng schéi Vue iwwer d'Diecher vun der Stad, op Quaien an op d'Creuse déi en enke Bou ëm d'Stad mécht.

Vun der Bréck geseit en op déi al Haiser mat Loggiaen a Galerieën, déi e beléifte Sujet fir Moler sinn.

Den Haaptrevenu vun der Stad koum fréier aus der Textilbranche. E Musée erzielt d'Geschicht vun der Härenhiemerproduktioun, mat enger grousser Kollektioun vun Hiemer vu fréier. Op Ufro kann een nach vu fréiere Bitzerinne gewise kréie wéi en Hiem gebutt gouf. Wann et engem Spass mécht kann e Modeller probéieren déi nach aus der Zäit vum Henri III. stamen, grad sou gutt wéi Hiemer déi fir den Johnny Hallyday gemaach goufen.

Argenton
Uertschaft virdrun
Châteauroux
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Éguzon

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Argenton-sur-Creuse – Biller, Videoen oder Audiodateien