Ariane (Rakéit)

Vu Wikipedia
Modell vun enger Ariane 5
Nobau vun enger Ariane 44LP Rakéit am Haff vum Space Center Bremen
EPS-Uewerstuf vun der Ariane 5 G, G+, GS an ES ATV

D'Ariane ass eng Serie vun europäesche Drorakéiten, déi op Uweisung vun der E.S.A. vun enger Duechterentreprise vum europäesche Loft- a Raumfaartkonzern Airbus Group (fréier EADS) entwéckelt goufen. D'Ariane-Rakéite starte vun der Weltraumgare Kourou a Franséisch-Guayana.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Ariane kënnt vun der franséischer Bezeechnung fir d'Fruuchtbarkeetsgëttin Ariadne aus der griichescher Mythologie. Am Mäerz 1980 gouf d'Firma Arianespace gegrënnt, déi zanterhir d'Finanzéierung, d'Produktioun, de Verkaf an de Start vun den Ariane-Rakéite geréiert. D'Besëtzer vun der Firma si verschidden europäesch Raumfaartentreprisen. Haaptconstructeur fir d'Seriëfabrikatioun vun der aktueller Rakéit, Ariane 5, ass Airbus Defence & Space Eng Duechtergesellschaft vun Airbus Group. Obwuel nach ëmfangräich Leeschtungsverbesserunge vun der Ariane 5 geplangt sinn, gëtt d'Entwécklung vun der Versioun Ariane 6 scho virbereet.

Déi ufanks franséisch Doktrin, den "autonomen Zougank zum Weltraum" (Charles de Gaulle) ze sécheren an domat onofhängeg vun den USA an der Sowjetunioun Satellitten am Orbit ofsetzen ze kënnen, hat 1964 zu London zu der Grënnung vun der European Launcher Development Organisation (ELDO) mat der Belsch, Frankräich, Italien, Däitschland, Groussbritannien, Holland an Australien, als Grënnungsmembere gefouert.

Entscheedend dru bedeelegt war den Hubert Curien, dee vun 1976 bis 1984 President vum Centre national d'études spatiales (Nationalen Zentrum fir Weltraumfuerschung kuerz CNES) war. Hien huet d'Responsabilitéit fir d'franséisch Weltraumpolitik a besonnesch fir d'Entwécklung vun der Rakéit gedroen. Spéider gouf hien Papp vun der Ariane genannt.

Grond fir dat australescht Engagement war d'Raumfaartgelänn zu Woomera, dat fir d'Entwécklung vu Virdeel war. Déi vun der ELDO entwéckelt Rakéite kruten den Numm Europa. D'Modeller Europa 1 an Europa 2 goufen ni kommerziell agesat, aus der Europa 3 gouf da spéider d'Ariane 1.

Entwécklung a Verdriff[änneren | Quelltext änneren]

Entwéckelt goufen d'Ariane-Rakéite vu Raumfaartentreprisen aus den ESA-Memberstaaten am Optrag vun der ESA. Jiddwereen um Projet bedeelegte Memberstaat huet dobäi finanziell Mëttelen zur Dispositioun gestallt. D'Industrie vum jeeweilege Staat krut dann am Géigenzuch vun der ESA Entwécklungsopdräg am Wäert vum abezuelten Entwécklungsbäitrag. Zanter dem Vertrag iwwer d'Seriëfabrikatioun vun am Ganze 65 Ariane-5-Drorakéite gouf d'EADS-Duechter EADS Astrium Transportation alleng Prestataire an ass elo zoustänneg fir d'Zoustellung vun der Ariane 5 an Arianespace. Virdrun huet d'Startgesellschaft Arianespace d'Eenzeldeeler vun der Rakéit bei verschiddenen Entreprise misse bestellen fir se da vun engem weideren ausgewielte Fabrikant montéiere loossen.

Ariane-Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Ariane 1 bis 3[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Ariane 1 

Ariane 4[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Ariane 4 


Staark vergréissert Variant vun der Ariane 3 mat engem flexibele Konzept mat ënnerschiddlech leeschtungsfäege Feststoff- an/oder Flëssegdreifstoffboosteren. Domat kann den Undriff den ënnerschiddlechste Notzlaaschten ugepasst ginn.

Ariane 5[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Ariane 5 

  • Ariane 5 ECA Déi aktuell Versioun vun der Ariane 5. Si ass eng weiderentwéckelt Ariane-5-Drorakéit mat der kryogener ESC-A-Uewerstuf, fir der stänneg gréisserer Nofro no Transportméiglechkeete fir mëttlel a schwéier Satellitten um ziville Maart nozekommen.
  • Ariane 5 ES ATV – dës Versioun vun der Ariane-5-Drorakéit transportéiert dat Automated Transfer Vehicle (ATV) zu der internationaler Raumstatioun ISS. De Raumtransporter liwwert dohin ënner anerem Versuergungsgidder wéi zum Beispill Liewensmëttel, Sauerstoff a Frëschwaasser oder den Dreifstoff fir d'Undriffssystem vun der Statioun. Awer och d'Héichtekorrektur vun der Raumstatioun, dat sougenannte "Reboost", geschitt mam Schub vum Raumtransporter.
  • Ariane 5 ME – gestrache Versioun vun der Ariane 5 mat neier ESC-B-Uewerstuf.

Ariane 6[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Ariane 6 

D'Ariane 6 ass eng geplangte Rakéit, déi jee no Versioun an der éischter Planung eng Notzlaascht vun 3000 bis 8000 Kilogramm sollt hunn an 2025 déi haiteg Ariane 5 ofléise kënnt. Über ihren Bau wurde endgültig am 2. Dezember 2014 auf dem ESA Ministerial Council entschieden.

Modellbau[änneren | Quelltext änneren]

Modell vun der Ariane 5

1987 hat de Lambert Schelter e 5,40 Meter laange fluchfäege Modell vun der Ariane gebaut, dat haut am Hermann-Oberth-Raumfaart-Museum zu Feucht steet.[1] E 4,5 Meter laangen a 85 Kilogramm schwéiere fluchfäege Modell vun der Ariane 4, dee vun enger Aarbechtergrupp vun der Advanced Rocketry Group of Switzerland (ARGOS) gebaut gouf, gouf 2002 zu Amarillo, Texas an zweemol am Val de Ruz bei Neuchâtel erfollegräich gestart.[2]

1980 hat de Karl Bartl all Ariane Drorakéiten Ariane 2 bis 5 am Moossstaf 1: 48 (ausgestallt sengerzäit am Planetarium Wien) am Gréissteverglach zu den amerikaneschen Drorakéite bis Saturn V. D'Ariane 4 mat véier Boostere souwéi den europäesche Shuttle (dee ni geflunn ass) mat Ariane 5 waren ze gesinn.

Kommunitéit vun den Ariane-Stied[änneren | Quelltext änneren]

D'Communauté des Villes Ariane (CVA, "Kommunitéit vun den Ariane-Stied") verbënnt d'EU-Standplaze, déi un der Ariane-Produktioun bedeelegt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8.
  • Hans-Martin Fischer: Europas Trägerrakete ARIANE. Geschichte und Technik zum letzten Start der ARIANE 4. Stedinger, Lemwerder 2004, ISBN 3-927697-32-X.
  • William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7.
  • Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4.
  • F.-Herbert Wenz: Die legendäre EUROPA-Trägerrakete. Geschichte und Technik der in Deutschland gebauten 3. Stufe. Stedinger, Lemwerder 2003, ISBN 3-927697-27-3.
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3-8370-9591-6.

Um Soaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2013-10-16. Gekuckt de(n) 2017-06-05.
  2. http://www.argoshpr.ch Arbeitsgruppe der Advanced Rocketry Group of Switzerland