Armeenier

Vu Wikipedia
Armeenier (ëm 1890)
Armeenierin (1883)
Traditionellt Gezei

D'Armeenier (Armeenesch Հայեր - Hajer) sinn e Vollek, dat zanter iwwer 2700 Joer am Gebitt tëscht dem Héichland vun Ostanatolien an dem Südkaukasus doheem ass.

An Armenien an an dem de facto onofhängege Biergkarabach sinn déi meescht Awunner Armeenier (zesumme ronn 3,4 Milliounen, Stand 2010). Mat 5-7 Milliounen ass et awer d'Diaspora déi de gréissten Deel vun den haitegen Armeenier ëmfaasst, dëst och als Resultat vum tierkesche Genozid un den Armeenier, wouduerch vill Iwwerliewender sech an aner Länner gerett hunn. Déi gréisst armeenesch Populatioune baussent dem Kärland existéieren haut a Russland, USA, Frankräich, Georgien, Iran, Libanon a Syrien.

D'Kinnekräich vun Armenien a senger gréisster Ausdeenung (95-66 v. Chr.)
Historescht an aktuellt Kärland vun den Armeenier
Fréit 20. Jh.: ██ >50% ██ 25-50% ██ <25%
██ Haut
Kaart vun der haiteger Diaspora

Déi meescht Armeenier gehéieren zur Armeenesch Apostolescher Kierch, déi och déi eelst national Kierch vun der Welt ass. D'Chrëschtentum huet sech an Armenien, kuerz nom Jesus sengem Doud verbreet, duerch d'Efforte vun zwéi vu sengen Apostelen, dem hl. Thaddäus an dem hl. Bartholomäus. Am fréie 4. Joerhonnert ass d'Kinnekräich Armenien dat éischt Vollek gewiescht dat d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl huet.

Armeenesch ass eng indoeuropäesch isoléiert Sprooch. Si huet zwou géigesäiteg verständlech a geschriwwe Formen: Ostarmeenesch, wat haut haaptsächlech an Armenien, Biergkarabach, Iran an an de fréiere Sowjetrepublike geschwat gëtt, a Westarmeenesch, wat am historesche Westarmenien an, nom Genozid, an der Diaspora geschwat gëtt. Dat eenzegaartegt Armeenescht Alphabet gouf am Joer 405 n. Chr. vum Hellegen a Linguist Mesrop Maschtoz geschaf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Armeenier – Biller, Videoen oder Audiodateien