Armillarsphär

Vu Wikipedia
Armillarsphär fir d'Wénkelmiessung
Armillarsphär
Duerstellend Armillarsphär

Eng Armillarsphär (lat. armillaris (Reef/Rank) an sphaera (Kugel)) ass en astronomescht Instrument. Et déngt entweeder der Miessung vu Koordinaten um Himmel oder der Duerstellung vun Himmelskierper-Rendezvousen. Eng Armillarsphär besteet aus dréibare Metallréng déi géintenee stinn, an déi zesummen eng Kugel bilden. D'Instrument ass an der Reegel an engem Gestell montéiert.

De geduechten Observateur ass am Mëttelpunkt vun der Kugel. Wann d'Instrument dat geozentrescht Weltbild duerstellt, ass d'Äerd am Zentrum vun der Armillarsphär. Sou Armillarsphäre si schonn a primitive Versioune fir dat aalt Babylonien nogewisen. D'Weltbild vum Kopernikus gëtt an der Sphaera Copernicana duergestallt, déi 1657 vum Andreas Bösch gebaut gouf.

Als Armillarsphär gëtt och e Wénkelmiessinstrument bezeechent, mat deem Koordinaten op der Himmelskugel bestëmmt ginn. Et gouf vum Eratosthenes nach ënner der Bezeechnung Astrolabium agefouert. De Ptolemäus beschreift a sengem Almagest de Bau vun enger Armillarsphär. D'Instrument war de ganze Mëttelalter iwwer haaptsächlech am islamesche Raum am Gebrauch.

A Mëtteleuropa gouf et eréischt Mëtt vum 15. Joerhonnert duerch de Königsberger Astronom Regiomontanus bekannt, an huet um Enn vum 16. Joerhonnert mat dem däneschen Astronom Tycho Brahe seng Perfektioun kritt. De Brahe huet och dat Instrument erfonnt, dat Armillarsphär als preziist Positiounsmiessinstrument ersat huet: de Mauerquadrant.

No der Aféierung vum Teleskop an der Astronomie duerch de Galileo Galilei am Ufank vum 17. Joerhonnert ass d'Armillarsphär als Observatiounsinstrument ëmmer méi an den Hannergrond getrueden. An de follgende Joerhonnerte gouf d'Armillarsphär zu engem Géigestand vu kënschtlerescher Duerstellung an engem rengem Insignium vun der Astronomie. Zum Beispill ass op dem Fändel vu Portugal eng Armillarsphär ofgedréckt als Symbol fir déi grouss Verbonnenheet vu Portugal mat der Séifaart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Armillarsphär – Biller, Videoen oder Audiodateien