Arne Sucksdorff

Vu Wikipedia
Arne Sucksdorff
Gebuer 3. Februar 1917
Gustaf Vasa församling​
Gestuerwen 4. Mee 2001
Oscars församling
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Fotograf, Filmediteur, Regisseur
Famill
Bestuet mat Astrid Bergman Sucksdorff

Den Arne Sucksdorff, gebuer den 3. Februar 1917 zu Stockholm, a gestuerwen de 4. Mee 2001 zu Danderyd, war e schweedesche Fotograf, Regisseur an Dréibuchauteur.

De Sucksdorff huet zu Berlin Fotografie studéiert a krut no senger Ausbildung e puer Präisser bei Concoursen. 1938 huet e bei de Film eriwwergewiesselt. 1948 krut säin Dokumentarfilm Mënschen an der Stad (Människor i stad) en Oscar. Ëm d'Joer 1965 ass e fir eng Zäit a Brasilien geplënnert an huet och do e puer erfollegräich Filmer zuwee bruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]