Op den Inhalt sprangen

Arrondissement Harju

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Estland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Arrondissement Harju
(et) Harju maakond
Allgemenges
  Arrondissement an Estland
Chef-lieu Tallinn
Demographie
Awunner 646.315
  1. Januar 2024
Geographie
Koordinaten 59°20'N, 25°0'O
Fläch 4.326,7 km²
Grenzt un Lääne-Viru, Lääne, Rapla, Järva
Kaart mat der Lag

Den Arrondissement Harju (et. Harju maakond) ass ee vun de 15 Arrondissementer an Estland. De Chef-lieu ass Tallinn.

Den Arrondissement huet 646.315 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 4.326,7 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 149,38 Awunner / km²[2].

Den Arrondissement Harju läit un der Südküst vum Golf vu Finnland a grenzt am Südwesten un d'Arrondissementer Lääne, am Süden u Rapla a Järva an am Osten u Lääne-Viru.

Am Mëttelalter war dës Regioun als Harrien bekannt a war am Besëtz vun Dänemark. S'ass dunn un den Däitschen Uerden iwwergaangen a schliisslech ënner schweedesch Herrschaft komm. D'Ritterschaft vun Harrien-Wierland, e Virgänger vun der estnescher Ritterschaft, gouf an dëser Regioun gegrënnt.

Zënter der Verwaltungsreform vun 2017 besteet den Arrondissement aus follgende 4 Stied an 12 Landgemengen:

  • Stied: Tallinn, Maardu, Keila, Loksa;
  • Landgemengen: Anija, Harku, Jõelähtme, Kiili, Kose, Kuusalu, Lääne-Harju, Raasiku, Rae, Saku, Saue, Viimsi.
 Commons: Arrondissement Harju – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. https://andmed.stat.ee/en/stat/rahvastik__rahvastikunaitajad-ja-koosseis__rahvaarv-ja-rahvastiku-koosseis/RV0240; Statistikaameti statistika andmebaas; consultéiert den: 30. Juni 2024.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.