Arrondissement Rapla
| Dëse Geographiesartikel iwwer Estland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Arrondissement Rapla | |
|---|---|
| (et) Rapla maakond | |
|
| |
|
D'Kierch vu Rapla | |
| Allgemenges | |
| Arrondissement an Estland | |
| Chef-lieu | Rapla |
| Demographie | |
| Awunner | 34.038 |
| 1. Januar 2023 | |
| Geographie | |
| Koordinaten | 58°55'0"N, 24°45'0"O |
| Fläch | 2.765,06 km² |
| Grenzt un | Lääne, Harju, Pärnu, Järva |
|
| |
|
Kaart mat der Lag | |
Den Arrondissement Rapla (et. Rapla maakond) ass ee vun de 15 Arrondissementer an Estland. De Chef-lieu ass Rapla.
Den Arrondissement huet 34.038 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1] an ass 2.765,06 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 12,31 Awunner / km²[2].
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Den Arrondissement Rapla läit am westleche Banneland a grenzt am Osten un den Arrondissement Järva, am Süden u Pärnumaa, am Westen u Läänemaa an am Norden un Harjumaa.
Den westlechen Deel vum Arrondissement ass haaptsächlech flaach a vun der Landwirtschaft gepräägt, iwwerdeems den ëstlechen Deel hiwweleg mat vill Bëscher ass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Arrondissement ass 1990 aus dem Rajon Rapla, deen 1950 ënner der sowjettescher Herrschaft geschaf gouf, an aus Deeler vun den Rajonen niewendru gegrënnt ginn.
Verwaltung
[änneren | Quelltext änneren]Zënter der Verwaltungsreform vun 2017 besteet den Arrondissement aus follgende 4 Landgemengen: Rapla, Kehtna, Kohila, Märjamaa.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Arrondissement Rapla – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ https://andmed.stat.ee/en/stat/rahvastik__rahvastikunaitajad-ja-koosseis__rahvaarv-ja-rahvastiku-koosseis/RV0240; Statistikaameti statistika andmebaas; consultéiert den: 31. Juli 2023.
- ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
