Arrondissement Sceaux

Vu Wikipedia

D'Arrondissement Sceaux war eng franséisch administrativ Andeelung am Departement Seine déi de 17. Februar 1800 gegrënnt a mat engem Gesetz vum 10. Juli 1964 ofgeschaaft gouf, mat deem d'Departement Paräis an déi dräi Departementer vun der Petite Couronne gegrënnt goufen.

Geschicht an Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Prefecture vum Arrondissement gouf den 2. Abrëll 1880 ofgeschaaft, d'Arrondissement gouf dunn direct vum Prefekt vun der Seine mat verwalt.

D'Arrondissement huet am Ufank aus véier Kantone bestanen an zwar Charenton-le-Pont, Sceaux, Villejuif a Vincennes a gouf 1893 an néng Kantonen opgedeelt.

  1. Canton de Vincennes, mat de Gemenge Vincennes, Fontenay-sous-Bois et Saint-Mandé.
  2. Canton de Montreuil, mat der Gemeng Montreuil.
  3. Canton de Charenton-le-Pont, mat de Gemenge Charenton-le-Pont, Alfortville, Maisons-Alfort, Saint-Maurice.
  4. Canton de Nogent-sur-Marne, mat de Gemengen Nogent-sur-Marne, Bry-sur-Marne, Champigny-sur-Marne, le Perreux.
  5. Canton de Saint-Maur-des-Fossés, mat de Gemenge Saint-Maur-des-Fossés, Bonneuil-sur-Marne, Créteil, Joinville-le-Pont.
  6. Canton de Villejuif, mat de Gemenge Villejuif, Arcueil, Chevilly-Larue, Fresnes, Gentilly, Hay-les-Roses, Rungis.
  7. Canton d'Ivry-sur-Seine, mat de Gemengen Ivry-sur-Seine, Choisy-le-Roi, Orly, Thiais, Vitry-sur-Seine.
  8. Canton de Sceaux, mat de Gemenge Sceaux, Antony, Bagneux, Bourg-la-Reine, Châtenay-Malabry, Clamart, Fontenay-aux-Roses, Montrouge, Le Plessis-Robinson.
  9. Canton de Vanves, mat de Gemenge Vanves, Châtillon, Issy-les-Moulineaux, Malakoff.

D'Arrondissement gouf 1968 bei der Grënnung vun den Departementer Seine-Saint-Denis, Hauts-de-Seine a Val de Marne suppriméiert.