Arrondissementer vu Paräis

Vu Wikipedia
D'Arrondissementer vu Paräis

D'Arrondissementer vu Paräis sinn administrativ intrakomunal Andeelungen, déi d'Gemeng Paräis an 20 Stadbezierker opdeelen. Op nationalem Niveau gi se statistesch an administrativ wéi d'Kantonen ugesinn, ma et gëtt awer keng Departementswalen zu Paräis. D'Paräisser Conseilleren hu gläichzäiteg d'Kompetenz vun engem Gemengen- wéi och vun engem Departementsconseiller.

D'Andeelung vu Paräis an Arrondissementer geet op e Gesetz vu 1795[1] zeréck, mat deem d'Stad sengerzäit an zwielef Arrondissementer opgedeelt gouf. D'Andeelung an déi aktuell zwanzeg Arrondissementer baséiert op dem Gesetz vum 16. Juni 1859[2] wéi d'Faubourgen tëscht der leschter Rankmauer ëm Paräis (Enceinte de Thiers) an der Mauer vun de Generalpiechter (Mur des Fermiers généraux) derbäi koumen.

All Arrondissement ass a véier administrativ Quartieren agedeelt.

Dës stättesch Arrondissementer däerfen net mat den Arrondissementer bannent den Departementer verwiesselt ginn, déi eng aner administrativ Opdeelung duerstellen.

A Frankräich sinn och nach Lyon a Marseille an Arrondissementer agedeelt.

Arrondissementer vu Paräis[änneren | Quelltext änneren]

Logos[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arrondissementer vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. loi du 19 vendémiaire an IV
  2. N° 7072 - Loi sur l'extension des limites de Paris (du 16 juin 1859)