Arsène Mersch

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Arsène Mersch
Gebuer 14. Dezember 1913
Käerch
Gestuerwen 12. Juli 1980
Käerch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Cyclocrossfuerer, Geschäftspersoun, Industriellen
Kompetitiounsklass Vëlossport op der Strooss
Famill
Geschwëster Josy Mersch
Plack um Arsène-Mersch-Monument zu Käerch.

Den Arsène Mersch, gebuer de 14. Dezember 1913 op der Käercher Neimillen gestuerwen den 12. Juli 1980 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien ass 3-mol den Tour de France zu Enn gefuer.

Am Tour de France vun 1936 koum den Arsène an der 3. Etapp, déi vu Charleville op Metz goung, op déi 5. Plaz, mat engem Retard vu 35 Sekonnen op den Etappegewënner Mett Clemens. Dat ass duergaange fir Leader am Generalklassement ze ginn an dem Maurice Archambaud de Maillot jaune ofzehuelen. Den Arsène Mersch ass sou déi 4. Etapp, déi vu Metz iwwer de Ballon d'Alsace op Belfort goung, a giel gefuer. Mat engem Retard vun enger Minutt a 26 Sekonnen op den Etappegewënner Maurice Archambaud koum hien an där Etapp op déi 17. Plaz an huet de Maillot jaune erëm missen un den Archambaud ofginn. Déi 21. a lescht Etapp, mat Depart zu Caen an Arrivée am Parc des Princes zu Paräis, huet den Arsène Mersch mat 32 Sekonne Virsprong op den zweetplacéierte Pierre Clemens gewonnen. Am Generalklassement koum den Arsène Mersch op déi 5. Plaz mat engem Retard vun 52 Minutten an 52 Sekonnen op de belschen Tour-de-France-Gewënner Sylvère Maes.

Den Arsène Mersch war tëscht 1934 an 1939 professionelle Coureur. Hie war de Brudder vum Josy Mersch.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1934[änneren | Quelltext änneren]

1935[änneren | Quelltext änneren]

1936[änneren | Quelltext änneren]

1937[änneren | Quelltext änneren]

  • 27. am Tour de France

1938[änneren | Quelltext änneren]

1939[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]