Arsène Soreil

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Arsène Soreil
Gebuer 5. Februar 1893
Rendeux
Gestuerwen 5. Mäerz 1989
Ans
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Literaturkritiker

Den Arsène Soreil, gebuer zu Hamoul, an der Gemeng Rendeux de 5. Februar 1893, a gestuerwen zu Ans de 5. Mäerz 1989, war e belsche Professer, Schrëftsteller, Journalist, a Vertrieder vum Mouvement wallon.

Den Arsène Soreil koum an enger Famill, déi sechs Kanner hat op d'Welt, hie war den Eelste vun der Band. Säi Papp war Schouster a seng Mamm Néiesch. D'Haus an deem hien op d'Welt koum war eng kleng Heip. Dat geet aus sengen eegenen Aussoen ervir, well wie hie fënnef Joer hat, si seng Eltere fortgeplënnert, an d'Haus gouf ofgerappt. Hie schreift spéider: La charpente et le torchis ne devaient pas faire un gros tas.

Seng Famill déi zäitweis zu Rendeux, a Wéris gewunnt huet, huet sech duerno definitiv bei Erezée an dem klengen Nascht Estiné néiergelooss, wou se en Haus um Uwänner vun der klenger Baach Estinale haten.

No senger Primärschoul déi hie bei de Schoulmeeschtere Jules Houba zu Rendeux, a Louis Thirion zu Erezée gemaach huet, ass hien an de Kolléisch gaangen. Hien huet seng humanités greco-latines am Alumnat de Bure de vun Assomtionniste geleet gouf ugefaangen. Haut ass dat de Kolléisch vun Alzon.

Hien huet säi Secondaire zu Taintignies bei Tournai ofgeschloss, an huet duerno e Studium op der Universitéit vu Léiwen ugefaangen, dat hien zu Bréissel, Léck a Paräis komplettéiert huet.

No sengem Studium zu Paräis, dat zwee Joer gedauert huet, krut hien 1928 en Diplom an Études supérieures en esthetique, an 1931 gëtt hien Docteur en philosophie et lettres (philologie romane).

Zu deem Moment hat seng professionell Karriär schonn ugefaangen, hien huet 18 Méint am Krichsministère geschafft. hien huet als Ersatzprofesser am Athenée royal de Bouillon geschafft, duerno zu Tirlemont, Malmedy a Léck.

1937 krut hien eng Plaz als Chargé de cours op der Universitéit zu Léck, an e bësse méi spéit gouf hien do Professer an Esthétique générale, eng Plaz déi hie bis zu senger Pensioun 1963 behalen huet.

No senger Pensioun huet hien nach Coursen um Institut supérieur d'achéologie et d'histoire d'art zu Bréissel ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Arsène Soreil huet eng ronn drësseg Wieker publizéiert, sief et Gedichtssammlungen, ästheetesch Analysen, Kriticken, Virwierder, a verschidde literaresch Glossen.

  • Säi bekanntste Wierk ass Dure Ardenne, dat 1933 mat engem Virwuert vum Gaëtan Monfet a mat Illustratioune vun der Élisabeth Ivanovsky erauskoum, an 1934, 1939, 1947 an 1991 bei den Éditions J. Duculot vu Gembloux nees opgeluecht gouf.
  • L'inconnu du Pitti, Renaissance du Livre, Bréissel, 1961.

Als Journalist huet hie sech vun 1932 bis 1934 ëm déi literaresch Lécker Revue Cahier mosans bekëmmert, duerno ëm Terre Wallonne, eng Revue déi all Mount erauskoum a literaresch a sozial Froen als Sujet hat.

Donieft war hie Mataarbechter bei der Lécker Wochenzäitschrëft Forces nouvelles a bei den Zeitungen Le soir a La Vie wallone.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Roger Gadeyne: Arsène Soreil, étude illustrée bio-bibliographique avec des inédits de l'auteur; liminaire de Louis Rouche, éd. de l'Essai, coll. Essai-monographie, Liège, 1963.
  • Georges Jacquemin, Arsène Soreil, Dossiers: Service du livre Luxembourgeois.