Op den Inhalt sprangen

Artemis II

Vu Wikipedia
Artemis II
De Logo vun der Missioun
TypBemannt Moundmissioun
Land USA Kanada
AgenturNASA
RuffzeechenIntegrity
Dauer9 d, 1 h, 32 Min, 15 Sek
Start1. Abrëll 2026, 22:35:12 UTC
StartplazKennedy Space Center, LC-39B
DrorakéitSLS Block 1
Landung11. Abrëll 2026, 00:07:27 UTC
LandungsplazPazifik, viru San Diego
D'Crew vun der Artemis II: vlnr Christina Koch, Reid Wiseman (vir), Victor Glover an Jeremy Hansen
De Start vun der Artemis II

Artemis II (och alt Artemis 2; uganks Exploration Mission 2, gekierzt EM-2 ) war eng bemannt Raumfaartmissioun vun der NASA a Kooperatioun mat der europäescher an der kanadescher Weltraumagence. Véier Astronauten an engem Orion-Raumschëff, gradewéi d'Buedempersonal hunn d'Systemer an d'Prozedure getest, fir sech op zukünfteg bemannt Moundlandungen am Kader vum Artemis-Programm virzebereeden.

D'Artemis II ass den 1. Abrëll 2026 op Cape Canaveral gestart, de 6. Abrëll ronderëm de Mound geflunn an den 11. Abrëll am Pazifeschen Ozean, virun der Küst vu Kalifornien a Mexiko, nees gelant. Et war déi éischt bemannt Moundmissioun zënter der Apollo 17 am Dezember 1972.

D'Orion-Raumschëff huet Plaz fir véier Persounen. D'Crew vun der Artemis II war am Abrëll 2023 bekannt gemaach ginn; se bestoung aus:

  • Jennifer Sidey-Gibbons, Missiounsspezialistin (Kanada/CSA fir den Hansen)
  • Andre Douglas (USA/NASA)

Fir d'Gibbons an den Douglas wär d'Artemis II hiren éischte Weltraumfluch gewiescht.

Ziler vun der Missioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun war den éischte bemannten Testfluch vum Orion-Raumschëff a senger Drorakéit, dem Space Launch System (SLS) an der Versioun Block- 1. Fir se fir zukünfteg Missiounen ze qualifizéieren, war d'Artemis II-Missioun entwéckelt gi fir ënner realistesche Fluchbedingungen all d'Systemer an d'Prozeduren ze testen, déi fir eng bemannt Moundmissiounen néideg sinn. Ënnert anerem goufen d'Navigatioun, d'Kommunikatioun, d'Liewenserhalung, den Undriff, den thermesche Schutz, den Neesantrëtt, gradewéi d'Rette vun der Kapsel geprouft. Zousätzlech goufen och Donnéeën iwwer d'Stralung, de Stress, d'Akustik an dat thermescht Ëmfeld gesammelt.

Billergalerie

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Artemis II – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]