Arthur Thinnes
Ausgesinn
| Arthur Thinnes | |
|---|---|
| Gebuer |
8. September 1926 Iechternach |
| Gestuerwen | 1. Oktober 1984 |
| Alter | 58 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Geschäftsmann, Lokalpolitiker |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Buergermeeschter vu Monnerech |
|
| |
Den Arthur Thinnes, gebuer den 8. September 1926 zu Iechternach, a gestuerwen den 1. Oktober 1984[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Lokalpolitiker (CSV).
Berufflech huet den Arthur Thinnes ufanks op Arbed Belval geschafft, huet sech dann awer als Depositaire an, zesumme mat senger Fra, Zeitungshändler, zu Monnerech néiergelooss.[1]
Do war hien zanter 1958 an der Gemengepolitik aktiv a vun 1970 bis zu sengem Doud (mat enger Ënnerbriechung 1976/1977[2]) Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech.[3]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Monnerech d'rue Arthur Thinnes no him genannt.[4] Och de Centre culturel Arthur Thinnes dréit säin Numm, grad wi e Cyclocross- an en Dammefousballturnéier.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Arthur Thinnes, Bürgermeister von Monnerich, einem Herzinfarkt erlegen. In: Tageblatt, nº 226 (02.10.1984), p. 20 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Monnerich: Trendwende im Proporz. In: d'Letzeburger Land, 28. Jg., nº 42 (16.10.1981), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ Arthur Thinnes. In: d'Letzeburger Land, 31. Jg., nº 40 (05.10.1984), p. 2 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
- ↑ L-3919; Mondercange : Rue Arthur Thinnes. map.geoportail.lu. Gekuckt den 28.05.2026.
