Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank

Vu Wikipedia

D'Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank (en.: Asian Infrastructure Investment Bank - AIIB) ass eng international Finanzinstitutioun, déi vun der chineesescher Regierung initiéiert gouf. D'Zil vun dëser multilateraler Entwécklungsbank ass et, Infrastrukturprojeten an Asien ze finanzéieren.

De Projet vun der AIIB gouf 2013 vu China virgestallt[1] an am Kader vun enger Zeremonie am Oktober 2014 zu Peking lancéiert.[2] Vum Juni 2015 u ginn d'Accorde mat de Länner, déi matmaachen, ënnerschriwwen. Dat soll bis Enn des Joers gemaach sinn.

De 15. Abrëll 2015 hate bal all asiatesch Länner an déi meescht grouss Länner baussent Asien (d'USA a Japan, déi d'ADB dominiéeren, waren net derbäi) als "Prospective Founding Members" (viraussiichtlech Grënnungsmemberen) engagéiert. Nordkorea an Taiwan haten eng Demande gemaach, Matgrënner ze ginn, si goufen awer refuséiert.

Matgrënner[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt 37 Matgrënner an der Regioun, an 20 baussent der Regioun. D'Volleksrepublik China ass de gréisste Member mat 30 % vum Kapital a 26 % vum Stëmmrecht.[3] Bei alle wichtegen Decisiounen ass eng Majoritéit vu 75 % vun alle Stëmmen néideg; China kann deemno e Veto aleeën. Ausserdeem gesinn d'Statute vir, datt 70 % vum Kapital aus Asien komme muss.

Lëtzebuerg huet sech de 27. Mäerz 2015, als éischt EU-Land, engagéiert, mat 69,69 Milliounen Dollar mat derbäi ze sinn[4]. Aner EU-Länner, déi vun Ufank u mat derbäi wëlle sinn, sinn Däitschland, Éisträich, Finnland, Frankräich, Holland, Irland, Italien, Malta, Polen, Portugal, Schweden, Spuenien an d'Vereenegt Kinnekräich (zesummen hu s'am ganze bal 20 % vum Kapital). Och Länner wéi d'Schwäiz, d'Tierkei, Südafrika oder Neiséiland si mat derbäi.

Memberen an der Regioun Membere baussent der Regioun
Land Datum Memberschaft
Flag of Australia.svg Australien 13. Abrëll 2015
Flag of Azerbaijan.svg Aserbaidjan 15. Abrëll 2015
Flag of Bangladesh.svg Bangladesch 24. Oktober 2014
Flag of Brunei.svg Brunei 24. Oktober 2014
Flag of Cambodia.svg Kambodscha 24. Oktober 2014
Flag of the People's Republic of China.svg China (Fondateur) 24. Oktober 2014
Flag of Georgia.svg Georgien 12. Abrëll 2015
Flag of India.svg Indien 24. Oktober 2014
Flag of Indonesia.svg Indonesien 25. November 2014
Flag of Iran.svg Iran 7. Abrëll 2015
Flag of Israel.svg Israel 15. Abrëll 2015
Flag of Jordan.svg Jordanien 7. Februar 2015
Flag of Qatar.svg Katar 24. Oktober 2014
Flag of Kazakhstan.svg Kasachstan 24. Oktober 2014
Flag of Kyrgyzstan.svg Kirgisistan 9. Abrëll 2015
Flag of Laos.svg Laos 24. Oktober 2014
Flag of Maldives.svg Maldiven 31. Dezember 2014
Flag of Mongolia.svg Mongolei 24. Oktober 2014
Flag of Myanmar.svg Myanmar 24. Oktober 2014
Flag of Nepal.svg Nepal 24. Oktober 2014
Flag of New Zealand.svg Neiséiland 5. Januar 2015
Flag of Oman.svg Oman 24. Oktober 2014
Flag of Pakistan.svg Pakistan 24. Oktober 2014
Flag of Russia.svg Russland 14. Abrëll 2015
Flag of Saudi Arabia.svg Saudiarabien 13. Januar 2015
Flag of Singapore.svg Singapur 24. Oktober 2014
Flag of Sri Lanka.svg Sri Lanka 24. Oktober 2014
Flag of South Korea.svg Südkorea 11. Abrëll 2015
Flag of Tajikistan.svg Tadjikistan 13. Januar 2015
Flag of Turkey.svg Tierkei 10. Abrëll 2015
Flag of Uzbekistan.svg Usbekistan 24. Oktober 2014
Flag of the United Arab Emirates.svg Vereenegt Arabesch Emirater 5. Abrëll 2015
Flag of Vietnam.svg Vietnam 24. Oktober 2014
Land Datum Memberschaft
Flag of Brazil.svg Brasilien 12. Abrëll 2015
Flag of Germany.svg Däitschland 1. Abrëll 2015
Flag of Egypt.svg Egypten 14. Abrëll 2015
Flag of Finland.svg Finnland 12. Abrëll 2015
Flag of France.svg Frankräich 2. Abrëll 2015
Flag of Iceland.svg Island 15. Abrëll 2015
Flag of Italy.svg Italien 2. Abrëll 2015
Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 27. Mäerz 2015
Flag of Malta.svg Malta 9. Abrëll 2015
Flag of the Netherlands.svg Holland 12. Abrëll 2015
Flag of Norway.svg Norwegen 14. Abrëll 2015
Flag of Austria.svg Éisträich 11. Abrëll 2015
Flag of Portugal.svg Portugal 15. Abrëll 2015
Flag of Spain.svg Spuenien 11. Abrëll 2015
Flag of the United Kingdom (3-5).svg Vereenegt Kinnekräich 28. Abrëll 2015
Flag of Sweden.svg Schweden 15. Abrëll 2015
CHECHE Schwäiz 28. Mäerz 2015

Stand: 15. Abrëll 2015

D'AIIB gëtt vu verschiddene Kritiker als eng Konkurrenz vun der Weltbank ugesinn, dem Internationale Wärungsfong (IMF) an der Asiatescher Entwécklungsbank (ADB), déi duerch déi westlech Länner, virop d'Vereenegt Staate vun Amerika, dominéiert ginn.[5] Och gesinn Observateuren an hir eng Méiglechkeet, déi chineesesch Wärung Remnimbi z'internationaliséieren an dem US-Dollar als interational Wärung Konkurrenz ze maachen.[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "China says new bank to complement existing institutions." The Washington Post 2015-03-21
  2. "Three major nations absent as China launches World Bank rival in Asia." Reuters|2014-11-05.
  3. "AIIB launch signals China's new ambition." Financial Times, 29 Juni 2015
  4. "Luxembourg confirms to become founding member of AIIB." chinadaily.com Updated: 2015-03-19 10:31.
  5. "Support for China-led development bank grows despite US opposition." The Guardian, 2015-à3-15.
  6. "Luxembourg to become founding member of China-led investment bank." wort.lu, 27 March, 2015 at 15:25.