Assenois (Léglise)

Vu Wikipedia
Assenois
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Léglise
Koordinaten 49° 48’ 05’’ N
      05° 27’ 54’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6860

Assenois (Wallounesch Asnoe) ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Léglise an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 war Assenois eng eegestänneg Gemeng déi 1828 aus der Fusioun mat Bernimont, Cousteumont, Le Sart a Les Fossés entstanen ass.

Assenois ass eng ländlech Uertschaft déi op enger Héicht vu 450 Meter läit. Am Süden an am Weste si Bëscher, an am Osten an Norde leie Felder a Wisen.

Nërdlech vun der Uertschaft leeft eng kleng Baach mat dem Numm Ruisseau de la Margoutte, eng Niewebaach vum Ruisseau de Mellier, deen an d'Rulles leeft.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch vun 1818.
  • D'Schlass vun der Famill de Marchant d'Ansembourg.

Bibliographie[Quelltext änneren]

  • Léglise, 28 villages au fil du temps, Commission culturelle et sportive de Léglise, 1997.
  • Geubel A. & Gourdet L., Histoire du Pays de Neufchâteau. La ville. La seigneurie. Le ban de Mellier. Duculot, Gembloux, 1956.
  • Hannick P. et Duvosquel J.-M., La carte d’Arenberg de la Terre et prévôté de Neufchâteau en 1609 (avec le ban de Mellier et la seigneurie de Bertrix). Kommentéiert Editioun mat Kaarten (18. bis 20. Joerhonnert), Bréissel, 1996.
Uertschaften an der Gemeng Léglise

Sektiounen: AssenoisÉblyLégliseMellierWitry
Aner Uertschaften: Behême · Bernimont · Bombois · Burnaimont · Chêne · Chevaudos · Gennevaux · Habaru · Lavaux · Les Fossés · Louftémont · Maisoncelle · Naleumont · Narcimont · Nivelet · Rancimont · Thibessart · Traimont · Vaux-lez-Chêne · Vlessart · Volaiville · Winville · Wittimont