Jonk Fuerscher Lëtzebuerg
| Jonk Fuerscher Lëtzebuerg | |
|---|---|
![]() | |
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 1. September 1977 |
| Opléisungsdatum | 17. Juli 2015 |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| 19, Rue Guillaume Schneider | |
|
| |
Jonk Fuerscher Lëtzebuerg, och nach Association jeunes scientifiques Luxembourg genannt, gekierzt AJSL, war eng lëtzebuergesch ASBL mat Sëtz am Lycée des arts et métiers an der Stad Lëtzebuerg, déi den 1. September 1977 gegrënnt gouf.[1] De Veräin huet sech am Prinzip u Jonker bis 21 Joer geriuicht, déi sech fir Wëssenschaft a Fuerschung interesséiert hunn. Erwuessener konnten och Member ginn. D'Aktivitéite vum Veräi goufe vum Fuerschungsministère a vum Nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt.
De 17. Juli 2015 gouf de Veräin opgeléist; d'Suen déi nach an der Keess vum Veräi waren, koumen der Fondation jeunes scientifiques Luxembourg zegutt, déi änlechen Ziler nogeet[2].
Ziler vun der AJSL
[änneren | Quelltext änneren]- d'Fërdere vun Aktivitéiten um nationale Plang am Beräich Wëssenschaftserzéiung baussent de Schoulzäiten;
- d'Organisatioun vu Concourse fir jonk Fuerscher;
- d'Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen um nationalen an um internationale Plang, déi an änleche Beräicher aktiv sinn.
„L'Association Jeunes Scientifiques Luxembourg est créée dans le but de:<br>- promouvoir sur le plan national des activités dans le domaine de l'éducation scientifique extra-scolaire;<br>d'organiser le concours Jeunes Scientifiques Luxembourg;<br>- de coopérer avec d'autres organisations nationales et internationales compétentes gouvernementales ou non et qui ont un objet identique ou similaire à celui de l'organisation.“
Facilitéiten an Aktivitéiten
[änneren | Quelltext änneren]- Kontakter mat Spezialisten;
- Virschléi fir ze fuerschen;
- d'Matmaache bei international Concoursen;
- Stagen am Ausland;
- interessant Visitten, Ausstellungen a Konferenzen.
Concoursen a Präisser
[änneren | Quelltext änneren]- D'AJSL huet de Concours Jeunes scientifiques Luxembourg organiséiert.
Kooperatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Fondation Jeunes scientifiques Luxembourg
- Science Club Lëtzebuerg, eng Initiativ vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, mat PInS asbl a mat de Jonk Fuerscher Lëtzebuerg;
- ProScience, e Groupement bei deem d'AJSL Partner ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. d'Statuten am Mémorial Nr. 31: 1465, 24. Februar 1978; d'Refonte aus dem joer 2005 (Mémorial Nr. 1028: 49312-49314, 12. Oktober 2005).
- ↑ Extrait d'une réunion du conseil d’administration de l'association du 17 juillet 2015

