Asterismus (Astronomie)

Vu Wikipedia

Als Asterismus (vum laténgeschen astrum (griichesch: ἄστρον astron „Stärebild, Stär“) gëtt an der Astronomie eng speziell Konstellatioun vu Stäre bezeechent, déi, mat Verbindungslinne (d'Stärenzich) verbonnnen e bestëmmt opfällegt Bild erginn an den Numm vun enger Saach oder vun enger Figur droen. En Asterismus ass haut den Deel vun engem oder méi vun den IAU-Stärebiller. Si gëllen awer net offiziell als Stärebiller.

Och historesch Stärebiller, déi fréier op Stärekaarte verzeechent waren, wéi z. B. d'Stärebild „Schëff Argo“, ginn als Asterisme bezeechent; geneesou unerkannt Biller, déi haut nach landleefeg benotzt ginn: Bekannt Beispiller sinn de Grousse Won, en Deel vum Stärebild Ursa Major, de Summerdräieck oder de Wantersechseck.

Donieft gëtt et a gouf et an der Himmelskartéierung|vun anere Kulturen, wéi an der aler indescher oder chineesescher Astronomie oder bei de Mayas, Stärebiller, wou ganz aner Figuren erkannt goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]