Asteroidefamill

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Asteroidefamill ass eng Grupp vun Asteroide mat deselwechte Bunnelementer an enger mineralogescher Zesummesetzung déi sech meeschtens gläicht. Asteroidenfamillen entsti méiglecherweis duerch en Aschlag vun engem Asteroid op engem aneren Asteroid, Mound oder Planéit. Si ginn dofir och als Kollisiounsfamillje bezeechent. Bei Kraterfamillje bleiwen op engem Kollisiounspartner nëmmen een oder e puer Krateren zréck, während bei normale Famillje béid Partner zerstéiert ginn an nei Asteroide bilden.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Duerstellung vun de Bunnelementer Inklinatioun versus Exzentrizitéit fir nummeréiert Asteroiden.

Asteroidefamillje ginn duerch eng grouss Heefegkeet a Bunnelement-Diagrammer vun Asteroide fonnt. Zu de Bunnelementer gehéieren d'Längt vun der grousser Hallefachs, d'Exzentrizitéit, d'Inklinatioun, d'Längt vum opsteigende Knuet an d'Argument vun der Periapsis. Bei rechnergestëtzte Methode ginn heefeg ofgeleet Bunnelementer beim Clustering benotzt fir de Fluch vun der Dimensiounalitéit z'ënnerloossen. Eng Zouuerdnung vun engem Asteroid zu enger Famill ass trotzdem bei bal identesche Bunnelementer net sécher, well de Parameterraum och zoufälleg mat Hannergrondobjete gefëllt ass. Wann en Asteroid vun enger Famill spektroskopesch zu enger anerer Klass gehéiert, da gëtt en als Interlooper bezeechent, well d'Zougehéieregkeet zur Famill diskutéierbar ass.

Déi éischt Beschreiwung vu Famillen hat de japaneschen Astronom Kiyotsugu Hirayama am Joer 1918 gemaach. Him zu Éiere ginn déi vun him entdeckt Familljen als Hirayama-Famill bezeechent. Duerch automatesch Duerchmusterunge sinn haut iwwer honnert Asteroidefamilljen bekannt a weiderer ginn nach ugeholl.

Genesis an Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Asteroidefamilljen entstinn duerch d'Kollisioun vun engem Asteroid mat engem aneren planetare Kierper. Dobäi kënne béid Partner zerstéiert ginn oder bei engem kënnt et zu engem oder méi Aschléikrateren. Als Beispill fir dat Lescht gëlt d'Familljen der Vestian ((4) Vesta) souwéi d'Familljen ëm d'Asteroiden ëm (2) Pallas, (10) Hygiea souwéi (20) Massalia. Bei de meeschte Familljen kann dogéint keen iwwerliewender gréisseren Asteroid fonnt ginn a bei dëse sinn Urspronkskierper wahrscheinlech komplett zerstéiert ginn. Nom Aschlag akkretéieren d'Iwwerreschter zu Rubble Piles (lëtzb. Dreckskéip) mat ënnerschiddlecher mineralogescher Zesummesetzung.

Jonk Familljen hunn en Alter vun e puer dausend Joer. D'Alter gëtt duerch eng Réckrechnung vun de Bunnelementer, déi zu engem Kollisiounspunkt féieren bestëmmt. Dat maximalt noweislecht Alter vun Asteroidenfamilljen läit bei ronn zwou Milliarde Joer. Dono féiere kleng Ännerung an de Bunnelemente zu enger Verdeelung, déi net méi vum Hannergrond ënnerscheet ka ginn. D'Ännerung vun de Bunnelemente ginn vu noen Episoden un planetare Kierper an dem YORP-Effet veruersaacht.

Ghost families[änneren | Quelltext änneren]

Als Geeshterfamilljen ginn Asteroidenfamilljen bezeechnet, déi iwwer nëmme wéineg Memberen hunn, sech nëmmen schwaach aus dem Hannergrond betounen an en héicht dynamescht Alter opweisen. Als e Beispill gëlt eng Grupp ëm den Asteroid (918) Itha. D'Ghost families weisen dacks eng nëmmen kleng Verdeelung am Duerchmiesser vun de Memberen am Géigesaz zu normale Familljen. Dëst gëtt op déi gréisstenofhängeg Wirkung vum YORP-Effet zréckgefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie