Astra 1N
Astra-1N | |
---|---|
Typ | Kommunikatiounssatellit |
Land | |
Order | Arianespace |
COSPAR-Bezeechnung | 2011-041A |
Apogeum | km |
Perigeum | 35.785 km |
Bunnschréi | 0,04° |
Mass | ? kg |
Dimensioun | 6,5 × 2,8 × 3,2 m[1] |
Spanwäit | 39,8 m[1] |
Fabrikant | Astrium |
Satellittebus | Eurostar E3000 |
Liewensdauer | 15 Joer |
Stabilisatioun | Dräi Achsen |
Bedreiwer | SES Astra |
Transponder | 55 Ku-Band |
Transponderleeschtung | 130 Watt[2] |
Bandbreet | 26 und 33 MHz[2] |
EIRP | 54 dBW[2] |
Energieleeschtung | 13 kW (end of life)[1] |
Start | 6. August 2011, 22:54 UTC |
Startgewiicht | 5350 kg |
Startplaz | Kourou |
Drorakéit | Ariane 5 ECA |
Éischt Positioun | 28,2° Ost |
Lescht Positioun | 19,2° Ost[3] |
Status | aktiv |
Den Astra-1N ass e kommerzielle Kommunikatiounssatellit vun der lëtzebuergescher Firma SES Astra.
Hie gouf de 6. August 2011 um 22:54 Auer UTC mat enger Ariane 5 ECA vum Centre Spatial Guyanais zesumme mam BSat 3C an eng geostationär Ëmlafbunn bruecht. Et war den 203. Start vun enger Ariane-Rakéit, de 59. vun enger Ariane 5 an den 32. vun der ECA-Versioun. De Start war ufanks fir den 1. Juli 2011 geplangt, hat awer wéinst engem veräisten an dorophin ausgetauschte Ventil am System fir de flëssege Waasserstoff an dorop nach eemol kuerz wéinst schlechtem Wieder verréckelt ginn.[4]
Den dräiachsenstabiliséierte Satellit ass mat 55 Ku-Band-Transponderen ausgerëscht a soll vun der Positioun 19,2° Ost aus Däitschland, Frankräich a Spuenie mat Televisiounsprogrammer versuergen. Virdrun ass hien Ersatz fir Astra 2D op 28,2° Ost, bis Astra 2F seng Plaz vu Wanter 2012 un, iwwerhuele kann. Dofir huet hien dräi ausfuerbar Antenne mat engem Duerchmiesser vu bis zu 2,6 m an eng steierbar Top-Floor-Antenn mat 1,3 m Duerchmiesser. De Satellit gouf op Basis vum Satellittebus Eurostar E3000 vun der Astrium gebaut an huet eng geplangte Liewensdauer vu 15 Joer.[4] De Satellit gouf de 15. Juli 2008 bei Astrium bestallt.[5]
Vill brittesch Televisiounssender, dorënner och d'BBC, sinn zanter dem 24. Februar 2012 ënner Freesat (markegeschützten Numm fir Programmpäck vu BBC an ITV) iwwer dee Satellit frài z'empfänken.
Bis de 24. Februar 2012 goufen d'Programmer iwwer deen um Enn vu senger Liewensdauer betraffene Satellit Astra 2D verbreet.
Empfank
[änneren | Quelltext änneren]De Satellit kann op de Britteschen Inselen, a Frankräich, Belsch, Holland, Lëtzebuerg an Däitschland empfaange ginn.
D'Iwwerdroung erfollegt am Ku-Band.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Arianespace: Ariane 5 maintains Arianespace's track record of success by launching the ASTRA 1N and BSAT-3c/JCSAT-110R satellites
- Astrium: Eege Websäit
- Astra: Betreiwerwebsäit
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Arianespace: Launch Kit VA 302 (PDF; 1,2 MB)
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Astra: Astra-1N Factsheet
- ↑ SES: Fleet map
- ↑ 4,0 4,1 Ariane 5 bréngt BSat 3C an Astra 1N an de Raum
- ↑ Astrium: SES ASTRA bestellt neie Satellit bei Astrium