Op den Inhalt sprangen

Astropeiler Stockert

Vu Wikipedia
Astropeiler Stockert
Radioteleskop Astropeiler Stockert um Stockert
KategorieRadioteleskop
DréierN-W Stëftung Naturschutz,
Stëftung NRW
Standplaz vun der AriichtungEschweiler
Bauzäit19551956
Héicht vun der Plaz433 Meter
Aart vu Fuerschungugewannt Radioastronomie
FachgebidderAstronomie
Éischt Liicht17. September 1956
Koordinaten50° 34’ 9.9’’ N 6° 43’ 19.2’’ O

Den Astropeiler Stockert bei Eschweiler am nordrhäin-westfälesche Krees Euskirchen ass e Radioteleskop um Bierg Stockert an der Äifel.

Geographesch Lag

[änneren | Quelltext änneren]

Den Astropeiler Stockert steet am Äifeldeel Münstereifeler Wald um 433 Meter héije Bierg Stockert – direkt ëstlech vu senger Spëtzt.

Ongeféier 110 m ostsüdëstlech vum Astropeiler steet en 10-Meter-Spigel. E weidert Radioteleskop, de Radioteleskop Effelsberg mat 100 m Spigelduerchmiesser, steet 12,4 km (Loftlinn) südëstlech no bei Effelsberg.

Um Stockert gouf tëscht 1955 a 1956 mam Astropeiler Stockert (och Radio-Observatoire Stockert genannt) dat éischt däitscht Radioteleskop opgeriicht. D'Aweiung war de 17. September 1956. Den Teleskopspigel huet en Duerchmiesser vu 25 m a weit 90 Tonnen.

Bis 1993 hunn d'Universitéit Bonn an d'Max-Planck-Institut fir Radioastronomie d'Anlag benotzt. Vun 1979 un, gouf d'Anlag fir Studentenausbildung gebraucht.

Zanter 1999 steet d'Anlag als Industriemonument ënner Denkmalschutz a gehéiert zanter 2005 der NRW-Stëftung.[1]

Den 2. Mee 2010 gouf de Radioteleskop a Presenz vun der Stiftung NRW, der stellvertriedender Landrätin vum Krees Euskirchen, dem Buergermeeschter vun der Stad Bad Münstereifel an de Vertrieder vun den Uertsparteie feierlech frësch opgemaach. Et gëtt weiderhi wëssenschaftlech am Radioteleskop geschafft an zwar an der Benotzung als ausserschoulesch Léierplaz. Intresséiert Léierpersonal gëtt op der Plaz an d'Matière agewisen, fir dat Wëssen am Astropeiler selwer un d'Studente weiderginn ze kënnen. Membere vum Ënnerstëtzungsveräin, dee sech z. B. aus Funkamateuren, Hobby-Astronomen oder souguer wëssenschaftlech aktive Radioastronomen zesummesetzt, stinn hinnen dobäi zur Säit.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Pressemitteilung der NRW-Stiftung Archivéiert de 16.12.2013. Gekuckt de 05.08.2014.