Atommuecht

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Explosioun vun enger Atombomm
Länner mat Atomwaffen oder Waffenprogrammen

Eng Atommuecht ass e Land, dat d'Technologie an och d'Méiglechkeeten huet, fir Atomwaffen ze fabrizéieren an zur Explosioun ze bréngen.

Offiziell Atommuechten[änneren | Quelltext änneren]

Als offiziell Atommuecht, ginn all d'Staate bezeechent déi den Atomwaffespärvertrag ënnerschriwwen hunn a selwer där Waffen hunn. Dat si 5 Länner:

Land Atombomm Waasserstoffbomm Sprengkäpp*
USA 16. Juli 1945 1. November 1952 10 240   (7 200)
Russland 29. August 1949 12. August 1953 08 400   (6 000)
Groussbritannien 3. Oktober 1952 15. Mee 1957 00 200    0(185)
Frankräich 3. Februar 1960 1968 00 350    0(165)
Volleksrepublik China 16. Oktober 1964 14. Juni 1967 00 400
  • A Klameren d'Sprengkäpp, déi an den Asaz kënne kommen.

De facto Atommuechten[änneren | Quelltext änneren]

Faktesch Atommuechten, mä déi net am Spärvertrag als dat unerkannt sinn oder en net ënnerschriwwen hunn, sinn ausserdeem:

  • Indien: zanter 1974 am Besëtz vu selwergebauten Atomwaffen. Programm gouf agefouert fir China z'ofzeschrecken.
  • Pakistan: zanter de 70er Joren en Atomprogramm. Spekulatioun iwwer de Besëtz zanter den 80er a confirméiert duerch en Test am Joer 1998.
  • Israel: huet de Besëtz weeder confirméiert nach dementéiert, gëllt awer als zimmlech warscheinlech.

Eventuell Atommuechten[änneren | Quelltext änneren]

Dat si Länner vun deenen de Statut net bekannt ass, woubäi awer sécher ass, datt se en Atomprogramm hunn. Dozou gehéieren:

  • Nordkorea: Huet 2005 behaapt Atomwaffen ze hunn.
  • Iran: behaapt keen Atomwaffeprogramm ze hunn, mä en zivillen Atomprogramm.

Dobäi kënnt nach, datt Nordkorea an den Iran drop an dru sinn, Atomwaffe kënnen ze produzéieren, wat déi offiziell Atommuechten an och de Rescht vun der Welt aus Sécherheetsgrënn mat alle Mëttele verhënnere wëllen.

Aner Länner[änneren | Quelltext änneren]

E sëllegen aner Länner wollten och hir eegen Atomwaffe bauen. Vill aner Länner kéinte relativ einfach a séier Atombomme bauen.

Ugefaangen Atomprogrammer[änneren | Quelltext änneren]

  • Argentinien
  • Australien
  • Brasilien
  • Egypten
  • Nazi Däitschland
  • Irak
  • Imperialistecht Japan
  • Libyen
  • Phillipinnen
  • Polen
  • Rumänien
  • Südkorea
  • Schweden
  • Schwäiz
  • Chineesesch Republik (Taiwan)
  • Jugoslawien

Länner déi en Atomprogramm kéinten ufänken[änneren | Quelltext änneren]

Theoreetesch kéinte sämtlech industrialiséiert Länner en Atomprogramm ufänken. Si brauche just déi néideg Suen, d'Anlage selwer si scho prett a bannent nëmmen e puer Joer kéinte si sou en Arsenal zur Verfügung hunn.

  • Kanada
  • Däitschland
  • Japan
  • Italien
  • Litauen
  • Holland
  • Saudiarabien