Op den Inhalt sprangen

Auguste Schumacher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) August Schumacher)
Auguste Schumacher
Gebuer 26. Dezember 1862
Nidderkäerjeng
Gestuerwen 28. Mäerz 1932
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

Den Auguste Schumacher, gebuer de 26. Dezember 1862 zu Nidderkärjeng[1] a gestuerwen den 28. Mäerz 1932[2], war e lëtzebuergeschen Dokter.

Hie war vun 1917 bis 1932 medezineschen Direkter vum Thermalbad Munneref. Virdru war hien Dokter am Hospice op der Rumm a Chirurg an der Elisabethrinnerklinick an der Stad.[3]

Vun him sinn eng Rëtsch Publikatiounen iwwer d'cheemesch Zesummesetzung vum Munnerëffer Waasser, a wéi et bei bestëmmte Kränkten hëllefe kann.[4]

Hien huet am Krautemer Schlass gewunnt.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Munneref an zu Krautem d'Rue Dr Auguste Schumacher no him genannt.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • Officier de la Couronne d'ltalie
  • Chevalier de l'Ordre de Saint-Grégoire
  • Médaille de la Charité etc.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Marie Auguste Schumacher op www.luxracines.lu
  2. 1 2 Avis mortuaire 5 Page 6. In: Luxemburger Wort, 1932. Jg., nº 90 (30.03.1932), p. 6 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. "Dr. August Schumacher † Bad-Mondorf." In: Obermosel-Zeitung, 52. Jg., nº 79 (05.04.1932), p. 1 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. Administration Communale de Mondorf-les-Bains et sa commission de la culture et du patrimoine: Wer waren diese Persönlichkeiten? Fiche Auguste Schumacher. Mondorf 2023, op mondorf.lu (nogekuckt: 04.12.2025).