Op den Inhalt sprangen

Auguste Hansen

Vu Wikipedia
Auguste Hansen
Gebuer 12. August 1913
Gestuerwen 5. Februar 2006
Aktivitéit Lokalpolitiker, Apdikter
Fonctioun Buergermeeschter

Den Auguste Hansen, gebuer den 12. August 1913[1], a gestuerwen de 5. Februar 2006[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker an Apdikter.

Hien huet 1940, kuerz virum Krich, zu Waasserbëlleg eng Apdikt opgemaach. Vun 1946 bis 1975 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Mäertert.[3]

Als Erënnerung un hie gouf 2011 zu Waasserbëlleg am Quartier Ënner Maeschbierg/Ellerbierg d'Rue Auguste Hansen no him genannt.[4],[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 "Sichtbare Erinnerung an langjährigen Bürgermeister." mywort.lu, 15.06.2011.
  2. Datumen um Stroosseschëld.
  3. "Wasserbillig feierte Bürgermeister August Hansen." In: Luxemburger Wort, 128. Jg., n° 295 (23.12.1975), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg.
  4. L-6622.