Auguste Liesch

Vu Wikipedia
Auguste Liesch
Gebuertsnumm Johann-Baptist August Liesch
Gebuer 28. August 1874
Munneref
Gestuerwen 13. Mäerz 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter, Schrëftsteller
Partei Liberal Liga

De Jean-Baptiste Auguste Liesch gebuer den 28. August 1874 zu Munneref, a gestuerwen den 13. Mäerz 1949 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Politiker a Schrëftsteller. Säi bekanntst Wierk ass D'Maus Ketti.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste Liesch koum als Jong vun engem Apdikter zu Munneref op d'Welt. Hien hat Droit studéiert a war als Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg ageschriwwen. Hie gouf 1904 Friddensriichter zu Gréiwemaacher. 1907 war en um Bezierksgeriicht an der Stad Lëtzebuerg.

Vun 1918 bis 1921 war den Auguste Liesch, als Vertrieder vun de Liberalen, Generaldirekter (Minister) an zwou Regierungen ënner dem Émile Reuter, zoustänneg fir Justiz an ëffentlech Aarbechten. Méi wéi eemol war hien net mat der Politik vum Émile Reuter d'accord an huet e puermol domat gedreet seng Demissioun anzereechen. Hien ass awer bis Mëtt Abrëll 1921 op sengem Poste bliwwen, wéi den Émile Reuter seng éischt Regierung zesummegestallt huet déi nëmmen aus Vertrieder vun der Rietspartei bestanen huet.[1]

Duerno gouf en Direkter vun der Douane an ass dat bis den Dezember 1932 bliwwen, säin Nofollger op deem Poste war den Adolphe Kunnen.[2]

Den 23. Januar 1937 koum en an de Staatsrot an ass do bis de 16. November 1945 bliwwen.[3]

Am Krich gouf e vum Okkupant op Leubus a Schlangenbad ëmgesidelt.

1949 ass den Auguste Liesch gestuerwen.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuergesch Texter[änneren | Quelltext änneren]

Auguste Liesch: de Schadchen
  • Fête de Charité
  • D'Hochzeit an der Kathedral
  • D'Visite beim Bébé
  • Beim Docter
  • Vakanz
  • De Schadgen
  • Specki Spack
  • Um Tram
  • Den Här Aptekter
  • Meng Auer
  • E gudde Parti
  • D'Schweiz
  • De Joss am Muergeland
  • D'Liewen
  • Eng Lomp
  • Un d'Mammen
  • Den Taucher (frei nom Friderech vu Schiller)
  • Drémerei
  • Jonge, follegt mir!
  • De Coiffeur
  • E flotte Kaperol
  • Um Theater
  • Am Park
  • D'Volkskichen
  • D'Hochzeit an der Volkskichen
  • D'Chirurgen
  • Am Conseil
  • D'Le'ft
  • Eng Keilchen am Könn
  • Halerbach
  • Um Bal
  • De Rambour
  • Zwé Zecher
  • Schlot ké Kand!
  • Des Sängers Fluch
  • Am Klo'schter
  • Widmong
  • Ons Arme'
  • D'al Joffer
  • Um Bal
  • Gedanken iwert e Kanddaf an der Maternite't
  • E Kandidat fir den Tram
  • Eng Wandlaus
  • D'Maus Ketti

Franséisch Texter[änneren | Quelltext änneren]

  • Tante Zinn
  • Le codicille
  • Nine
  • Tante Albertine

Däitsch Texter[änneren | Quelltext änneren]

  • Bomben auf Drier
  • Leubus
  • Mein Freund Anton
  • Ely
  • Im Schatten des Eichenhofes (Roman)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[4][änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un den Auguste Liesch sinn eng Partie Stroossen no him benannt: zu Bartreng, Diddeleng, an der Stad, zu Munneref an zu Biermereng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bras de fer 1918-1929 vum Charles Barthel, saint-paul 2006 ISBN 978-2-87996-735-6, Säit 250
  2. L'indépendance luxembourgeoise vum 14. Dezember 1932 (14 Dezember 1932) Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 18/11/2019.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Doudesannonce vum Auguste Liesch am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1949 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-08.
  5. (de)Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt de(n) 2023-08-08.