Auguste Lumière

Vu Wikipedia
Auguste Lumière
Gebuertsnumm Auguste Marie Louis Nicolas Lumière
Gebuer 19. Oktober 1862
Besançon
Gestuerwen 10. Abrëll 1954
Lyon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Erfinder, Ingenieur, Biolog, Filmregisseur, Regisseur
Famill
Kanner Henri Lumière
Zeen aus Sortie des usines Lumière vun 1895, deen eelste bekannte Film, dee mam Cinématograph opgeholl gouf.

Den Auguste Marie Louis Nicolas Lumière, gebuer den 19. Oktober 1862 zu Besançon a gestuerwen den 10. Abrëll 1954 zu Lyon, war e franséischen Erfinder an Entreprener. Mat sengem Brudder Louis huet hien de Cinématograph entwéckelt, en Apparat, deen als Kamera an als Projekter benotzt konnt ginn, an deen de Kino erméiglecht huet. Dem Auguste Lumière säin Haaptintressi louch awer an der biomedezinescher Fuerschung.

No sengem Militärdéngscht huet den Auguste Lumière sengem Papp, dee Fotograf war, gehollef, eng Firma opzebauen, fir Fotoplacken a -pabeier ze produzéieren, d'Société Anonyme des Plaques et Papiers Photographiques Antoine Lumière et ses Fils, kuerz Société Lumière.

Nom Éischte Weltkrich huet den Auguste Lumière d'Firma verlooss an d'Laboratoires Lumière gegrënnt, e biomedezinesche Fuerschungszentrum a Pharma-Entreprise.

D'Erfindung vum Cinématograph schéngt fir de Lumière éischter niewesächelech gewiescht ze sinn, a senge Mémoirë steet erstuanlech wéineg driwwer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Auguste Lumière: Mes travaux et mes jours. La Colombe, Paris 1953.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Auguste Lumière – Biller, Videoen oder Audiodateien