Auguste Praum

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nicolas Auguste Praum, gebuer den 29. Januar 1870 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 6. Juni 1928, war e lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.[1]

Den Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste Praum huet zu Leipzig, Berlin, Wien a Paräis Medezin studéiert.[2] De 6. Oktober 1894 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn an hien huet eng Praxis an d'Stad opgemaach. Hien huet sech awer net domat zefridde ginn a sech am Ausland weidergebilt mat Spezialstudien an der Bakteriologie zu Berlin an dono am Institut Pasteur zu Paräis.[3]

Ufanks 1896 huet d'Regierung de Praum provisoresch als Direkter vun dem geplangte bakteriologesche Laboratoire auserwielt, deen am Juni 1896 a Betrib hätt solle ginn[4], de facto awer eréischt vum 1. Januar 1897 funktionéiert huet[5] De Laboratoire war am fréieren Haus Majerus an der rue de Clairefontaine (Badenburgerstraße) installéiert.[5]

Dat war de Virleefer vum Staatslaboratoire, deen duerch d'Gesetz vum 17. Abrëll 1900 ënner dem Numm Laboratoire pratique de bactériologie kreeéiert gouf.[6] De 16. Mee 1900 gouf den Auguste Praum offiziell Direkter vun dëser neier Institutioun genannt.[7] Als nächst huet d'Chamber de 24. Abrëll 1902 de Gesetzprojet fir de Bau vun engem neie Gebai fir de Staatslaboratoire eestëmmeg ugeholl. No laangem Sichen an Diskutéiere gouf vum Directeur général des travaux publics Charles Rischard decidéiert, dat neit Gebai op dem Verluerekascht z’implantéieren. D'Adjudicatioun vun den Aarbechte war am Abrëll 1903, d'Gebai ass 1907 fäerdeg ginn.[8] De Praum war Direkter vum Laboratoire bis zu sengem Doud.

Eng prominent Perséinlechkéit[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste Praum war vun 1897 u Member vun der «Fauna», bzw. Société des naturalistes luxembourgeois (SNL).[9]

Am Joer 1923 gouf hie Membre agrégé vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. [10] a Membre effectif am Joer 1924 [11]

De Praum war vun 1895 bis 1905 Sekretär a vun 1914 bis 1920 President vun der Société des sciences médicales. Hie war och President vum Bureau de bienfaisance vun der Stad Lëtzebuerg a Member vum Verwaltungsrot vum Roude Kräiz. Hie war zënter 1924 Doctor honoris causa vun der Universitéit vun Nanzeg.

De Praum war de President vum Organisatiounscomité vun de Journées de Pasteur, eng grouss opgezunne Feier, mat där Lëtzebuerg am Abrëll 1923 offiziell den 100. Anniversaire vum Louis Pasteur senger Gebuert gefeiert huet.[12]

De Praum war en national an international unerkannte Fachmann. Bei sengem Begriefnes, dat den 9. Juni 1928 an der Stad war, goufe Riede gehalen vum Dr. Pierre Schmol, dee säi Nofolger als Direkter vum Staatslaboratoire sollt ginn, dem Dr. Amédée Borrel,[13] Professer zu Stroossbuerg, als Vertrieder vum Institut Pasteur, dem Dr. Louis Spillmann[14], Doyen vun der Universitéit Nanzeg.[15]

Den Auteur[änneren | Quelltext änneren]

De Praum huet regelméisseg Rapporten iwwer de Staatslaboratoire erausginn.

Zesumme mam Veterinär Jules Diederich huet hien 1911 eng Broschür iwwer d'Tuberkulos beim Rand a beim Schwäin erausginn, déi se unhand vun de Publikatioune vum däitsche Veterinär Hugo Rautmann (gebuer 1879) zesummegestallt haten, dem Auteur vun, ënner anerem, dem Buch «Die Tuberkulose beim Rind und Schwein und ihre Bekämpfung in der Praxis» (Faber, Magdeburg 1909, Bücherei der 'Landwirtschaftlichen Umschau', Bd. 2).

Zesumme mam Dr. Edmond Knaff huet de Praum 1919 e Code médical mat der gesamter lëtzebuergescher Legislatioun vum Gebitt vun der Medezin an der Hygiène erausginn, eng Publikatioun déi am Juni 1919 am Bulletin vun der Académie de médecine vu Paräis [16] an am Januar 1920 an der Revue internationale de la Croix Rouge[17] gelueft ginn ass.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die neuen Heilverfahren der Bakteriologie. Luxemburger Schulbote 1899, S. 227-232.
  • Le laboratoire pratique de bactériologie du Grand-Duché de Luxembourg du Grand-Duché de Luxembourg depuis son origine jusqu'en 1905. Luxembourg 1905, 31 S.
  • Le laboratoire pratique de bactériologie du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg 1910, 25 S.
  • Staatslaboratorium für angewandte Bakteriologie. Luxembourg 1910, 7 S.
  • Die Tuberkulose beim Rind und Schwein und ihre Bekämpfung / nach den Veröffentlichungen von Rautmann ; zusammengestellt von J. Diederich und Praum. Luxemburg 1911, 22 S.
  • Das bakteriologische Staatslaboratorium in Luxemburg. Jena 1913, 229-239. (Abdruck aus dem: Centralblatt für Bakteriologie, Parasitenkunde und Infektionskrankheiten. Abt. 1. Originale, Bd 69 (1913), H. 3).
  • Le laboratoire pratique et bactériologique du Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 54 (1917), [N° 23], S. [1]-18.
  • Le Laboratoire pratique de bactériologie du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg 1917, 20 S. (Extrait de: Annuaire de l'Association des ingénieurs et industriels luxembourgeois. Année 1916).
  • Code médical : Répertoire des dispositions régissant l'art de guérir et l'hygiène dans le Grand-Duché de Luxembourg : coordonnées et mises à jour de la législation actuelle / par A. Praum et Edm. Knaff ; préface d'Émile Faber. Luxembourg 1919, VI, 468 S. (Bulletin de la Société des sciences médicales 1919).

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kugener 2005, S. 1242-1245.
  2. Schaus 1963, S. 98.
  3. Kugener 2005, Betz 1989, S. 77-78.
  4. Luxemburger Wort 1896-03-06, S. 3 (Bakteriologisches Institut)
  5. 5,0 5,1 Mémorial 1897, N°1, S. 56 (Service médical).[1].
  6. Mémorial 1900, N° 21, S. 253-254 (Loi du 17 avril 1900, portant création d'un laboratoire pratique de bactériologie).[2] Kuck och: Kugener 2005, S. 1243, Schaus 1963.
  7. Kugener 2005, S. 1243; Mémorial 1900, N° 26, S. 302 (Laboratoire bactériologique).[3]; Luxemburger Wort 1900-05-28, S. 2 (Bakteriologisches Laboratorium).[4]
  8. Schaus 1963.
  9. Comptes-rendus des séances de la Société des naturalistes luxembourgeois 7 (1897), Heft 3, S. 49 (Sitzung vom 21. Februar 1897).
  10. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 8 (années 1917-1924), S. 31 (séance du lundi, 30 juillet 1923).
  11. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 9 (année 1925), S. 20 (séance du vendredi, 25 juillet 1924).
  12. Massard 2015, S. 78-79.
  13. Amédée Borrel (1867-1936) ; un hien erënnert den Numm vun der Bakteriengattung Borrelia, zu där hire Vertrieder den Erreger vun der Borrelios gehéiert (Massard 2015, S. 79).
  14. Louis Spillmann (1875-1940).
  15. Luxemburger Wort 1928-06-12, S. 3 (Begräbnis Dr. Praum)
  16. Luxemburger Wort 1919-06-16, S. 2-3. (Code médical)
  17. Luxemburger Wort 1920-02-23, S. 2 (Literarisches. Dr. A. Praum et Edm. Knaff. – Code médical …).[5]
  18. Memorial A N° 8 vum 31. Januar 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi mam ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Historique du Laboratoire national de santé.