Auguste Trémont

Vu Wikipedia
Auguste Trémont
Gebuer 31. Dezember 1892
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Oktober 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des arts décoratifs,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Designer
Den 12järegen Auguste Trémont, gemoolt vum Pierre Blanc.

Den Auguste Nicolas Trémont, gebuer den 31. Dezember 1892 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 23. Oktober 1980, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.

Den Trémont ass besonnesch bekannt fir seng Duerstellunge vun Déieren. Vun him sinn déi zwéi Léiwe virum Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Trémont huet virun allem zu Paräis geschafft an hien huet sech op Déiereskulpture spezialiséiert.

Hien huet zu Lëtzebuerg an der Handwierkerschoul studéiert. Am Oktober 1909 goung hien op Paräis wou hie säi Studium op der École nationale supérieure des arts décoratifs weiderféiert.

Den Éischte Weltkrich huet hien zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Beim Versuch iwwer d'Schwäiz op Paräis ze goen, gouf hie vun den Däitsche verhaft. Nodeem hien entlooss gi war, koum hien op Lëtzebuerg zeréck, wou hien als Zeechner am Diddelenger Stolwierk geschafft huet. Hie gouf e Frënd vum Aloyse Meyer, dem spéidere President vun der ARBED. Mam Bläistëft an der Hand huet hien d'Aarbechter bei der Schaff studéiert.

Nom Waffestëllstand goung hien zeréck op Paräis an huet weider op der École nationale supérieure des beaux-arts studéiert. Hien huet Portraiten a Biller vu Paräis gemoolt, bis hien enges Daags d'Ménagerie (Zoo) am Jardin des plantes, besicht huet. Do huet hie säin Theema fonnt. Op d'Fro firwat hien "animalier" gouf, äntwert hien: "Wëll et dat Schwéierst war".

D'Joer 1924 war d'Joer vun den éischte Skulpturen. Hie huet seng Wierker an der "Galerie Ruhlmann", der spéiderer "Galerie Edgar Brandt" ausgestallt, souwéi an de "Galeries Malesherbes". D'1930er Jore ware seng produktiivst. Zu Paräis huet hien déi zwéi grouss Léiwe geschaaft, déi virun der Stater Märei stinn.

Den Zweete Weltkrich ass hien zu Paräis bliwwen. Bei Krichsenn koum hien op Lëtzebuerg zeréck an huet Monumenter fir d'Affer vum Krich geschaaft.

Den Auguste Trémont war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • 1921 - 21 Illustratioune fir déi 3. Oplo vum Renert
  • 1924 - Chimpanzé
  • Panthère; couple de tigres royaux
  • 1926-1932 - Panthère noire; panthère qui tourne; serval; tigre; éléphant; tigre qui marche; lion; bison
  • 2 Léiwen (Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg)
  • De Léiw an der Krypta an der Kathedral.
  • 1932 - Boeuf nain de la Côte d'Ivoire
  • Couple de Tigres royaux, Chameau, Cerf (gehéiert der Stad Paräis)
  • 1935 - Ouvriers mineurs (Lëtzebuerger Pavillon luxembourgeois op der Bréisseler Weltausstellung)
  • 1936 - Scènes religieuses (Kathedral)
  • 1937 - Biche (Lëtzebuerger Pavillon op der internationaler Ausstellung zu Paräis), steet elo am Heentze Park an der Hollerecher Strooss.
  • 1945 - Médaille de la libération
  • 1953 - Madonna um Westportal respektiv Marieportal vun der Kathedral
  • Monument aux morts, (Déifferdeng)
  • Monument aux morts de la force armée
  • Stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten um ieweschten Altor am Chouer vun der Basilika Iechternach

Biller vum Auguste Trémont fanne mer op villen Timberen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum vu senge Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un den Trémont gouf duerch Beschloss vum Stater Gemengerot vum 26. Juni 1997 eng Strooss um Zens no him benannt; se verleeft vum Boulevard Charles Simonis aus a Richtung vum Karmeliter-Klouschter a stéisst do an d'Allée du Carmel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Auguste Trémont – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  2. Remise de médailles à des personnalités de la vie culturelle op der Säit 5 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1979 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022